schaulism

Home > Stories > Lëtzebuergesch Geschichten > Statuen an Zoossissen

Statuen an Zoossissen

Chantal Schaul, 1999

Et war eng Kéier am tiefen Mittelalter, odder wee weess, vleicht nach méi fréi, du gouf et engt Meedchen, dat hott glécklich an zefridden bei sengen Elteren geleewt. Kengt Wässerchen konnt hatt je trüben. Unbesorgt hott hatt in den Tag hineingelebt. Seng Elteren haten eng Muttergottes-Statuen-Fabréck, an hatt hott dack a gär doheem gehollëf. Hatt war ganz kreativ veranlagt an hott ëmmer nei Iddien gehat fir d‘Muttergotteszüge ze gestalten. Eng Kéier hott hatt hir zart, alabastern an bal iwwernatiirlich Züge gin, eng anner Kéier déi etwas rauhe, wetterbeschlagene an dickhälsige Gesichtsformen vun der Bäuerin nebenan. Si hun ëmmer ee Käufer fir hir Statuen fonnt, well et jo Menschen matt allméigliche Guën get. Op Anfrage hott hatt sougoer d‘Muttergottesgesiicht nom Äusgesinn vum Käufer gestaltet.

Dat begabt Meedchen, dat iwwrigens Sardella geheescht hott, een Numm dee seng Mamm kombinéiert hat vun hiirer Vorliebe fir Sardinnen a vu dem Papp sengen häufigen Salmonellen-Erkrankungen, wollt de Betrieb vu sengen Elteren viruféieren an en dono u seng eegen Kanner vermaachen. Leider hat hatt ewer nach keng Kanner. Dee Moment wou eis Geschicht sech ofspillt, war hatt grad amgang no engem Mann ze sichen. Et gouf jo och sou lös Zeit, well hatt hat emmerhen schon véierzing Joer, wat déi Zäit schon een heiratsdringenden Moment war. All seng Frendinnen ware scho joërelang bestod, just hatt war een Nachzügler.

Enges Dags ass hatt an de Bësch spadséiere gang fir Leem ze sammelen fir d‘Herstellung vun neien Statuen. Hatt ass bei d‘Bëschbaach gang an hott ugefong matt senger blossen Hand no Leem ze graben. Wéi hatt schon ee beachtlichen Koup Lehm neewt sech leien hat, hott hatt obeemol um anneren Ufer vun der Baach ee jonke Mann gesinn. Et war kloër ersichtlich datt heen sech soeben Hals über Kopf an d‘Sardella verléiwt hat, sengem blanken Starren no ze urteilen. Heen hott obeemol festgestallt datt hatt heen bemerkt hat, hott sech alsbald geräuspert a gesot: „Ech heeschen Makro. Meng Mamm hott deen Numm kombinéiert äus hirer Vorliebe fir Makréilen a mengem Papp senger Krokussen-Allergie. A wéi heeschs du?“ D’Sardella hott kurzangebunden geäntwert: “Sardella.” Voller Schwärmerei ass de Makro fortgefahren: “War ee schéinen Numm! Ech hunn dech nach ni hei gesinn. Wunnst du iren hei?”

D’Sardella war goër nët angetan vum Makro. Heen hat dunkles, gewelltes Haar an ee Schnurres, wat him engt slavisch angehauchtes Aussehen verliehen hott, a wat absolut nët dem Sardella sengem Gu entsprach hott. Genervt hott hatt gesot: “Jo, meng Elteren hun eng Statue-Fabréck hei am Döerf.” De Makro ass äus alle Wollike gefall an hott hervorgebracht: “Du bass DAT Sardella! A ween hätt gedoocht dass du dech eng Kéier sou géifs veränneren. Ech hu fréier emmer Zoossissen bei eech brooscht, äus mengem Papp senger Fabreck!” D’Sardella hoot Zoossisse gehaasst. Hatt hott wag geäntwert: “A, jo, ech ka mech lo erënneren, du wars dat.” De Makro ass aufgebracht weitergefahren: “Jo! Wann ee bedenkt! Wéi een sech heinsto rëmgesäit. Ech hu lo mengem Papp säi Betrieb iwwerholl.” D’Sardella hott séier poer Entschuldigungen gemurmelt fir äus dem Makro senge Fängen ze entkommen an ass séier heem an säin Atteliee gelaf.

Ennerwee ass hatt dem Objekt seiner Begierde begéint: ee wonnerschéinen Jüngling namens Gwapom, een Numm dee seng Mamm ouni Hintergedanken erfonnt hat. Hee war grad amgang Eselen, déi op der Säit agebëlst waren, ze flécken, andeems en si matt Heefdeeg vollgestoppt hott, dee vu bannen Drock gemeet hott. Hee war een allround talentéierten Tagelöhner. Ennert annerem hott heen Verkéiersmëttel gefléckt, Bëscher ugeplanzt, eng Privatbank gefouert, matt Rennpeerd u Rennen deelgeholl, sozialistisch Philosophien opgestallt an physikalisch Gesetzer erfonnt. Hee war Autodidakt an alle Saachen. D’Sardella hott heen onheemlich bewonnert an ass bei senger Präsenz schier dahingeschmolzen. Hee war gutt gebaut, hat blond Hoer a blo An an engt wonnerschéint Gesiicht. Wann heen eng Kéier gelaacht hott, konnt d’Sardella dräi Dee nët méi schlofen vu läuter Seufzerischkeet.

Wat d’Sardella nët wousst war datt seng eege Mam, eng besitzergreifend Fra, him viru poer Joër een Trunk verabreicht hat, dee bewiirkt hott datt kengt männlicht Wesen hatt je géif attraktif fannen. Si wollt nämlich datt hatt fir ëmmer doheem géif bleiwen an Statuen herstellen, an, wann si an hiire Mann al a krank wären, hat si versorgen géif. Dofir war si bei eng Hex gang an hat sech soueen Trunk bestallt, deen engt Leewe lang wiirkt.

Onschëlligerweis hott d’Sardella nach ëmmer gehofft datt hatt geschwënn de Mann fürs Leben géif fannen, an datt et de Gwapom wir. Mee heen hott hatt knaps enges Blickes gewürdigt. D’Sardella hat just Süksee wann hatt op enger Dorffeier inmitten vun alkoholiséierten Männer stung. Dee Moment hun si seng ugezaubert Onattraktivitéit nët méi wahrgenommen, well si sou benebelt waren.

De Makro war deen eenzigen Mann den ehrliche Gefühle fir d’Sardella gehegt hott. Den Net-Attraktivitéits-Trunk hat keng Wiirkung op heen, well heen immun war géint d’Haaptzutat: sonnegedrëchent Daarmhaut. Seng Mam war während hirer Schwangerschaft souvill a Kontakt matt sonnegedrëchenter Daarmhaut komm, datt den Makro-Foetus Antikeerper dogéint produzéiert hat.

Well d’Sardella den Macro keines Blickes gewürdigt hott, war heen sou deepriméiert datt heen deessidéiert hott fir bei eng Hex ze gouen a sech een Zaubertrunk ze bestellen. Si hott him een Attraktivitéitstrunk gin, deen heen alsbald hinuntergeschüttet hott. Séier ass heen bei d’Bëschbaach gang, wou d’Sardella ëmmer säi Leem gesammelt hott. Heen hott gewaard a gewaard a gewaard. Zwee Stonnen dono ass d’Sardella endlich komm. Heen ass op hatt zougang an hatt ass schwachgefall vu Verliebtheit. Hatt hott de Makro obeemol nach méi anziehend font wéi de Gwapom! Wéi hatt rëm zou sech komm ass, hott hatt sech an dem Makro seng Arme gestürzt an hott sech heftig matt him krit.

Wat d’Hex dem Makro ewer nët gesot hat, war datt den Zaubertrunk nëmmen dräi Stonnen unhale géif. No enger halwer Stonn hott d’Wiirkung vum Makro senger Attraktivitéit fir d’Sardella opgehal, an hatt ass obeemol zutiefst ugëekelt zurückgefahren, poermol op de Bödem späizend fir säi Mond ze reinigen. Dunn ass hatt fortgelaf. Deen oermen Makro ass niedergeschlagen zurückgeblieben. Heen hott schon u Selbstmord gedooscht. Mee heen hott tapfer sengem Papp säin Zossiss-Betrieb firugefouert an tagein, tagaus haart geschafft.

D’Sardella seinerseits hott firu Muttergottes-Statuen hersgestallt. Hatt ass sougoer an eng extra Muttergottes-Statuen-Schoul gang, fir sengt Handweerk nach kënnen ze perfektionnéieren.

Sou sën d’Joere vergang. De Gwapom hat sech mittlerweile zig Verletzungen zugezogen, well heen matt senge Rennpeerd ëmmer ze séier gerannt ass. Hee war lo een zimmliche Krüppel, well ët déi Zäit jo nach keng Chirurgie gouf. Enges Dags hat heen eng Frendin bei sech um Peerd an ass domat bäigerannt. Wéi d’Schicksal et gewollt hott, war d’Meedchen op der Plaz doud. De Gwapom koum doweenst an de Prison, ass dunn ewer äusgebrach a ward nimmer mehr gesehn.

D’Sardella hat déi Zäit d’Muttergottes-Statuen-Fabrek vergréissert, an hott lo nët nëmme méi Muttergottessen hergestallt, mee och Jesussen a Josephen a soss Hällicher. Säi Betrieb ass gutt gang an hatt war wohlhabend gin. Seng Mamm war virun poer Joer un enger Statuen-Foerw-Vergëftung gestörw. Säi Papp war geläämt, well heen an de Leem-Offall-Bottich gefall war, an d’Dorfbewohner hee räusgezunn haten wéi de Lehm schon haart war, woubäi seng Been mehrmals gebrach goufen. De Gwapom war deemols nach op freiem Fuss an hott dem Papp ee Stull matt Reeder gebastelt, deen hee Rullstull genannt hott. He war neewebäi nämlich och nach Erfinder.

Lo war d’Sardella also ganz leng. Hatt war nach ëmmer nët bestod, obwohl hatt jo lo schon zwanzich Joer hat, eng Greisin fir déi Zäit. Vill vu senge Frëndinnen ware scho längst am Kandbett gestörw. Nei Generatiounen ware gebör, déi hatt goer nët méi kannt hott. Hatt hott sech gefillt wéi an engem freemen Dörf an ass bal nët méi virun d’Dir gang, well et jo dach kee kannt hott. Just fir de Leem sichen ze gouen ass hatt nach räus gang.

Enges Dags hott et am Bësch een älteren, mee gutaussehenden Mann gesinn, dee sou a sengem Alter geschingt hott ze sen. Heen hat lang brung, déi ewer vun der Sonn gebleecht waren, a somit den Anschein gegeben hun, wéi wann se blond wiren. Se waren natiirlich och schon bësse gro, wéi et an deem Alter jo üblich ass. Obeemol ass et dem Sardella wie Schuppen von deen Augen gefallen: et war de Makro! Heen hat säi Schnurres wechgemeet a war lo wonnerbar schéin. Déi lang Hoer hun him äusserdem een ritterlichen Tatsch gin.

Hatt ass him nogeschlach, a wéi si bei engt riesigt Häus komm sën, wou iwwert der Entrees-Pöert eng risig Zoossiss, äus Holz geschnitzt, houng, wosst hatt datt et wiirklich de Makro war. Heen ass an d’Häus getröden. D’Sardella hott sech bei eng Fenster geschlach an hott ragelugt. Do souz, seng Furcht bestätigend, eng Fra, an et hun drëssich Kanner dobanne gespillt, déi der Fra an dem Makro geglach hun. “Seufz”, hott hatt gedoocht, “hätt ën dach deemols nëmme kee Schnurres a keng kuurz Hoer gehat, dann hätt ech mech du schon Hals über Kopf an unwiederbringlich an hee verléiwt.”

Mee sou war dem Sardella sengt tragischt Schicksal. Hatt hott dono knaps nach eng Statu ugepaakt, sou depriméiert war hatt. Hatt hott sech goer nët méi ëm säi Papp gekëmmert, sou datt heen elendiglich verhëngert ass. Hatt konnt nach sou just Kräfte aufbringen fir d’Begreewnis ze organiséieren. Scho bal war hatt bankrott an hat näischt méi z’eessen. Schieren Iwwerleewensdrang hott hatt dozou beweegt fir bettelen ze gouen. Op der Maartplaz ass hatt poer Dee rondrëmgelungert. Du koum enges Dags de Makro fir Zoossissen ze verkafen. Heen hott d’Sardella direkt rëmerkannt, obwohl hatt a Fatzen gekleed a ganz ausgemergelt war. Hee wollt schon bei hatt lafen, mee dunn hott heen sech zréckgehal, well hee jo gemengt hott datt hatt heen nët kënnt ausstouen.

Sou hott d’Tragik hire Laf geholl, an déi zwee sech Liebenden hun sech rëm vuneneen entfernt. De Makro hott ewer dunn all Dag een Dinger matt Suën bei d’Sardella geschéckt, datt hatt nët soll erhéngeren. Mee de Makro war sou grosszügig datt hee matt der Zäit bankrott gang ass well heen dem Sardella all seng Suën brénge geloss hott. D’Sardella war scho sou räich datt hatt sech engt Schlass op d’Maartplaz gebaut hat, wou et all Dag virdru souz erfolgreich ze bettelen. Dem Makro seng Famill, hingegen, ass een nom anneren verhingert. Seng Fra gouf zum Schluss dahinngerafft. Sou koum et datt de Makro dunn och hott misse bettelen gouen.

Heen hott sech op d’Maartplaz neewt dem Sardella sengt Schlass gesat. Kurz drop koum hatt räus fir sech virun d’Dir ze setzen. Mee dee ganzen Dag ass kee komm matt Suen. Hatt hott sech bëssen opgereecht, mee dunn hott et gedoocht: “Ech hu jo zwar och am Fong lo fir mein Lebensabend gesörgt, wat soll de Gäiz”, a wollt scho ragouen, dunn hott et de Makro bettele gesinn. Hatt ass bei hee gang an hott liebevoll gesot: “Wat ass geschigt?” Heen hott geäntwert: “Ech së bankrott gang a meng Frau a meng Kanner se gestörw.” Dem Sardella sengt Herz ass gehüpft vor Freude, well hee jo lo fräi war, obwohl hatt natiirlich och betrübt war fir seng Situatioun. Hatt hott matt bebender Stimme gesot: “Komm matt ran an drénk mol eng Taass Kaffi.” Hee konnt sengt Gléck goer nët gleewen, datt hatt obeemol sou fein matt him war. Heen hott bal keng Stëmm font fir zë äntweren: “Dat ass genau dat wat ech lo bräuch.”

Bannen am Schlass sen si sech wortlos in die Arme gefallen an hun sech stonnelang nët méi gerührt, sou schrecklich grouss war hir Liebe.

Dräi Dee lang hu si glécklich maddeneen geleewt an eng Liebe fireneen zum Ausdruck gebracht, déi et virdrun nach nët an deem Äusmooss gin hat. Mee onglécklicherweis war d’Pest äusgebrach, a dat ganzt Dörf gouf innerhalb vun dräi Dee dahingerafft, ënnert hinnen d’Sardella an de Makro. Hir Dee maddeneen ware séier gezeelt, mee hir unbeschreiblich grosse Liebe füreinander weerd ewiglich bestouen. A wann se nach hekt leewt, dann ass se nach nët gestörw.