D’Verhängnis vun schwaarzen An a lange Been
Chantal Schaul, 1999
Viru sou ville Joëren, datt een se mol nët méi kann zeelen, hott eng Kéier eng Famill geleewt, déi ee ganz ongewéinliche Problem hat. Si hott inmitten vun engem germanische Land geleewt, wou also läuter blond Legt matt bloën An gewunnt hunn. Deemols war d‘Rassemëschung quasi inexistent, also wousst mol keen datt ët och nach anner Rassen iwwerhaapt goufen, äusser wann een Explorer, wéi zum Beispill de Marco Polo, odder soss een, grad duurch d’Land getrëppelt koum. Mee eben hiirt äussergewéinlicht Äusgesinn hott der viirdrunn erwähnter Famill schwéier ze schaffe gemeet.
Amplaz vu blonden Hoer hate si peschschwaarzer, an amplaz vu bloën An hate së ebenfalls sou schwaarzer wéi Kölen. Hir Häutfoerw war dem Himmel sei Dank wäiss, wéi déi vunn hiiren Landesgenossen, sou datt se wéinstens domatt keng Problemer haten. Lo géif ee jo mengen datt, hirem südländischen Äusgesinn entsprechend si och zimmlich kléng hätte misste sen, sou wéi dat jo hekt nach de Fall ass bei villen Italiéiner, Portugiesen, Spönier a Südfransousen. Mee wäit gefeelt! All Mitglieder vun der Famill ware riesegrouss, sougoer méi grouss wéi hir Mitmenschen, déi jo germanischer Abstammug waren a folglich allegoërten eng stattlich Gréisst virzeweisen haten.
Wéi een sech et kann denken, war eis sou onstandsgeméiss aussehend Famill, déi, et wir un der Zäit ët ze soen, iwwrigens Alibaba housch, nët immens vun hiren Mitbewohnern geduld an toleréiert. Kee wousst méi sou richtig wéi se an d’Géigend komm waren. D’Dorfältesten-Bomi hott behaapt viru ville Joeren wär engt jongt Meedchen äus dem Dörf eng Kéier leng an de Bësch gang geweest, an hätt 9 Méint dono engt Kind geboren, wat genau sou äusgesinn hätt wéi d’Mitglieder vun der Famill Alibaba. An och wann een Alibaba-Jong, respektiv engt Alibaba-Meedchen, géif engt Meedche, respektiv ee Jong, bestoden, dat odder deen blondhaarig a blauäugig, an nëmmen ee Meter zing grouss wär, da géifen hir gemeinsam Kanner ewer äusgesinnsméissig der Famill Alibaba noschlouen. Déi Bomi hott och iwwerall rondrëmerzeelt datt den Däiwel perséinlich d’Famill gegrënnt hätt.
Den Dorfältesten-Bopi wiederum hott d’Theorie opgestallt datt eng Kéier viru langer Zäit ee vun der Famill ënnert engem Bam stung, dee vum Blëtz getraff gouf, an hallëf verbrannt war. Heen hott iwwerleewt, mee seng Hoer ware verbrannt, seng An waren äusgedrëchent a seng Been ware bis op d’Knéien verkohlt. Fir dono nët sou plakisch a kleng rondrëmzelafen, hott hee sech eng Parréck äus engem schwaarze Pärdsschwanz gebastelt, sech Kölen an d’Augenhöhlen gestach a sech äus jonken Eechen Schienbeine a Féiss geschnitzt. D’Been hat en zwar dunn bësse lang geroden, sou datt en dono zwanzig Zentimeter méi grouss war wéi virdrunn. Heen hott ewer nach lang geleewt, sech bestod a Kanner krit, déi dunn all sou äusgesinn hun wéi hire Papp.
Et gouf nach vill anner al Legt an der Géigend, déi all eng eegen Theorie haten firwat d’Mitglieder vun der Famill Alibaba sou äusgesinn hunn wéi se äusgesinn hunn, mee déi wëll ech lo nët all erzeelen, wel soss kéim ech mol goër nët zur eigentlicher Geschicht.
D’Famill Alibaba hott äus mittlerweile schon dräianzwanzig Mitglieder bestann: fënnef an der Grousseltere-Generatioun, zweelëf an der Eltere-Generatioun, a sechs an der Enkele-Generatioun. Dee jéngsten Enkel war ee Jong vun 3 Joer namens Matthäus, dee schon in diesem zarten Alter ee Meter fofzig grouss war. Déi ganz Famill hott an engem klengen mee héien hëlzenen Häus um Rand vum Dörf gewunnt a gouf vun deenen anneren Dorfbewohnern gemieden, well së all geföert hun datt si och schwaarz Aan an Hoer kriten wann si widdert ee Member vun der Famill Alibaba kéimen.
Een Dorfbewohner hat ët speziell op déi oerm Famill ofgesinn. Heen housch Menni Weisserding an hat sech seinerzeit an eng vun den Alibaba Töchtern, nämlich an d’Schokolina, verléiwt a wollt him den Hof maachen. Mee hatt hott heen abgewiesen, an dofir hott de Menni der ganzer Famill bei all Geleënheet Drecksereien gespillt fir sech op dëss Manéier ze rächen.
Enges Nooschts ass de Menni heemlich bei d’Alibaba-Holzhäus gang an hott eng brennend Fackel op den Daach gehäit. Heen hott dreckich gelaacht a sech d’Hänn laasdeneegeriwwen vu Schadenfreude, wéi d’Häus vun de Flammen konsumméiert gouf. Heen ass zefridden heem gang an ass glécklich ageschlof.
Den Dag drop ass de Menni nach eng Kéier bei d’Häus kucke gang. Et war nach just ee Koup Äschen iwwrig, matt hie und da enger verkohlter Schank. Heen hott haart gesot: “Ma déi do wäre mer mol endlich lass. Dee Koup Äschen hei kann ech jo nawell nach gutt gebräuchen als Dünger fir op meng Felder.“
Wat de Menni ewer nët wosst war datt de Matthäus déi Noocht a sengem selbstgebauten Bamhäus verbrooscht hat, an op dëss Manéier de Massacker iwwerleewt hat. Dee Klenge souz lo bibbernd und zitternd a sengem Bamhäus an hott sech verzweifelt verstoppt. A sengem jo sou fréien Kandesalter hott heen op ewige Rache geschworen géint de Menni Weisserding. Heen hott a senger zarter Onschëlligkeet nach goër nët verstann wéi een zu souenger grausamer Handlung iwwerhapt fähig kënnt sën, an een Deel vu senger noch in Knospe stehender Séil ass durch dem Menni seng schrecklich Handlung verbattert. Et deerf een och net vergeessen datt dem Matthäus seng Kindheit lo zu engem alze fréien an abrupten Änn komm war, an datt heen sech vu lo un hott missen selwer iwwerall durchschlouen.
Seng grouss Chance war lo datt hee scho sou grouss war wéi wann heen zing Joer gehat hätt. Heen hott deessidéiert fir no Süden ze zéien, well seng Bomi hat him erzeelt datt do d’Legt nach vill méi kleng wären. Heen hott gehofft datt heen sech do kënnt als ooschzingjährigen äusginn.
Gesagt, getan. De Matthäus ass also gen Süden getrëppelt. Ennerwee hott heen hei an do als Tagelöhner geschafft, fir sech kënnen ze ernähren. Heen ass matt jhidderengem gutt eens gin, well heen a senger Grondnatur een doudfeine Kärel war. Just dee klengen, durch dem Menni seng Tat verbatterten Deel vu senger Séil hott him ee sarkastischen Tatsch verliehen an heen heinsto dazu verleitet fir déi eng odder anner schwarzhumoristisch Remark ze maachen. Mee dat hott him nëmmen nach méi eng reife Ausstrahlung verliehen.
Sou ass de Matthäus dann ëmmer méi wäit rof an de Süde komm, an d’Äusgesinn vun de Legt hott sech verännert. Si hun ugefong him méi ze gleichen, an, heen hat recht gehat, si waren och zimmlich all sou grouss wéi heen. Et muss een natiirlich bedenken datt de Matthäus fortwährend gewooss ass. Säi fréie Verlost vun enger glécklicher Kandheet a seng ugezwonge frühe Reife hott sech och physisch bemerkbar gemeet, sou wéi wann seng Psyche seng keerperlich Entwécklung mattbestëmmt hätt: heen ass gewooss a gewooss a gewooss. Seng Boxe waren him schon no enger Woch rëm zë kuurz, säin Bauchnabel war bal kontinuéierlich entblösst an heen hat andauernd kuurz Ärmelen u senge Ploveren. Heen ass einfach net méi nokomm matt Kleeder kafen. Heen hott déi al Kleeder einfach zesummegebixt, zu zwee, alt zu dräi odder véier, datt së solle lang genuch sën. Matt fënnef Joer war de Matthäus zwee Meter grouss.
Lo hott him natiirlich rëm am Süden der Boden unter den Füssen gebrannt, well hee sou grouss war, a si all sou kleng. An Italien hott heen eng einsam Höl am Gebirge fonnt an hott sech als Einsiedler ageriicht. Heen hat sech ënnerwee vu sengen Tagelöhnersuen eng Geess kaaft a poër Ähren Weess fir firunzeplanzen, an hott sech matt Brout a Geessemellich a –kéis ernährt.
Mee enges Dags hott heen och nët méi an d’Höl gepasst, well heen ze grouss gi war. Am Unfank hott ën sech alt nëmmen getuckt, sou datt en d’Stir ganz blo a geschwoll hat. Herno war ën zë lang fir sech ganz kënnen an d’Höl ze leeën, a seng Féiss hun ëmmer zum Agang räusgestann. Hee war sage und schreibe am Alter vun zwanzig Joer véier Meter zing grouss. Heen hott gehofft datt e lo endlich géif ophale matt woossen, an hott scho mam Gedanke gespillt fir sech zwee Meter vun de Been rofzehacken, mee hott et dunn ewer sëgëloss, well e jo soss keng Féiss a keng Knéigelenker méi gehat hätt, an nët méi hätt kënne gouen.
De Matthäus hott deessidéiert fir sech rëm op de Wee ze maachen, op d’Sich no sengem Gléck. Heen ass am Mëttelmeerräum bliww, an ass just an der Nooscht gang, datt keen hee soll gesinn. Well hee sou grouss war, ass heen andauernd iwwer Beem an Hütten getrollt, an och sougoer iwwer Kéi a Pärd. Trotz sengem villen Trëllen ass heen ewer méi séier virukomm wéi normal grouss Legt, well hee jo vill méi wäit Schreck konnt maachen. Matt engem Schrack an ouni Ustrengung hott heen zum Beispill engt Feld iwwerqueert, odder engt mettelgrousst Dörf. Jhüst an den Alpen hat hee bësse Problemer, well heen ëmmer matt engem Been an de Gletscheren steeche blouw.
Wéi de Matthäus scho wäit gang war, hott heen endlich deessidéiert fir mol rëm sesshaft ze gin. Hee war an engem Land dat heen nët kannt hott. Hee konnt jo och kee froen wou hee wär, well heen sech jo soss hätt misste weisen. Heen hott eng einsam Plaz an engem tiefen Bësch fonnt, a sech tëschent décke Beem verstoppt eng Hütt gebaut, déi grouss genuch fir hee war. Si war fënnef Meter héi an zing Meter breet. Heen hott së matt Bleeder agekleed, sou datt së soll äusgesinn wéi eng Rei décker Beem. Sou hott de Matthäus da rëm poer Joër a Rou geleewt.
Enges Nooschts hott de Matthäus, wéi heen nach hallew am Schlof luch, obeemol Geräischer héieren. Heen hott duurch d’Fënster räusgelugt, fir räuszefannen wat da lass wir. Hee konnt sengen An bal nët trauen wéi heen Folgendes gesinn hott: eng gräuslich Hex ass hämisch laachend durch de Bësch gang. Um Réck hat si engt wonnerschéint Meedchen, dat gekrasch hott. De Matthäus hott direkt geaant wat lass wir: d’Hex hott d’Meedchen entfouert! Hatt war och, sou wéi heen, schwarzhaarig an –äugig. D’Hex hingegen war blauäugig an hat hir Hoer matt Sonn a Salz gebleecht. Zudem hat si och nach Krauselen matt glühenden metallenen Eiserullen an d’Hoër gemeet krit. Si hat vun hiren Beutezügen läuter Bijuen un Ärm, Fangeren, Oueren an an den Hoer. Sougoer hir Kleeder ware matt gëllene Schnallen zesummegehal. De Matthäus ass hinnen heemlich gefolgt. Et war nët einfach fir matt senger Gréisst ongesinn ze bleiwen, mee d’Hex war souwisou zevill beschäftigt matt hirer Beute, an dem Meedche seng An waren ze pintschverschleiert fir heen kënnen ze entdecken.
No enger halwer Stonn koumen déi dräi bei engt Hexenhäus matzen am déifste Bësch. D’Hex ass ragang, mam Meedchen nach ëmmer um Reck. De Matthäus hott sech tëschent décken a massiv bleederbewachsenen Beem verstoppt. Heen hott d’Meedchen héieren wimmeren: “Wat wells de dann nëmmen matt mer?“ D’Hex hott laachend geäntwert: “Däi Papp ass schliesslich Kalif: Ech muss mengt Häushaltsgeld bëssen opbesseren. Wann heen nët bezillt, da freessen ech dech bei lebendigem Leibe.“ Si hott sech futtigelaacht, an d’Meedchen hott rëm ugefong herzzerreissend ze kräischen. De Matthäus hott deessidéiert fir hatt ze befreien. Heen hat sech nämlich Hals über Kopf an hatt verléiwt, an hätt am léiwste schon de Paschtouer bestallt fir sech ze bestoden, wär hatt fräi geweesst an hätt hee gewosst ob hatt datselwischt géif fir heen empfannen.
Heen hott ee Plan geschmiedet: wann d’Hex ee Moment nët géif oppassen, da géif de Matthäus heemlich sein Oërm durch d’Fenster rareechen, wou een Zeedel dru géif hänken wou dropsting: “Ech well dech retten.“ Da géif d’Meedche seng Hand ergräifen an hee géif hatt äus dem Häus zéien. Fir dat ganzt Vorhaben misst de Matthäus mol nët sengt Versteck verlassen, well säin Oërm lang genuch war fir vum Versteck bis an d’Hexenhäus ze reechen. Gesagt, getan. Dat waghalsigt Unternehmen gouf gestart wéi d’Hex grad hir Warzelen enthaart an hire Schnurres matt Henna gebleecht hott, an ass glatt geglückt. Ouni lang ze diskutéieren hott de Matthäus d’Meedchen iwwert seng starke Schulter geschwungen an hott sech, sou séier hee konnt, vum Hexenhäus distanzéiert. Déi zwee ware scho wäit geflücht, wéi si den entsetztenen Hexenschrei vernommen hun.
De Matthäus hott dat onbekannt weiblicht Wesen a senger Hütt verstoppt, an alsbald gefrot: “Wee bass du, schéint Meedchen?“ Hatt hott matt zarter Stimme réplikéiert: “Ech heesche Matamari an ech sen dem Kalif seng Döchter. Déi béis Hex hott mech entfouert a verlangt vu mengem Papp eng Tonn Gold a Juwelen fir mech fräizekafen.“ Du konnt hatt nët méi viruschwätzen, well hatt sech Hals über Kopf an de Matthäus verléiwt hat. Déi zwee sech Liebenden hu sech eng Stonn tief in die Augen geblickt. Wéi si vun hirer Liebesstarre erwächt sen, sen si séier an de Palast geeilt. De Kalif hott gekrasch vu Freed wéi heen sengt Matamari rëmhat. Als Belounung hott heen dem Matthäus d’Hand vu senger Döchter gin. Deen eenzige Problem deen déi zwee sich für ewig einander Hingebenden haten, war datt d’Matamari nët um Matthäus seng Hand koum, well së zë héi war fir hatt. Hatt war nämlich nëmmen ee Meter véierzich grouss. Mee dat hun déi zwee sich einander Versprochenen nët as Barriär fir hir Liebe konsidéréiert. Wat së schon keerperlich Ennerscheeder, wann d’Séilen maddeneen verwandt sën?
Sou ass et also geschigt datt de Matthäus an d’Matamari maddenee vermählt goufen. Si hun einige Jahre glücklich am Palast geleewt an d’Matamari gebar einen prächtigen, fünfzig Zentimeter großen Sohn, dee spéiderhën sollt Kalif gin. Enges Dags, however, hott de Matthäus sech un dat erennert, wat heen sech matt dräi Joer geschworen hat: ewige Rache hölen um Menni Weisserding fir de grausamen Mord u senger ganzer Famill. Heen hat zwar lo schon 34 Joer, mee den Trauma deen heen als Kleinkind erleewt hat war nach ëmmer ganz fresch a sengem Gedächtnis agebrannt. Heen hott seng Saache gepaakt, senger Fra a sengem Jong eddi gesot, an hott sech op de Wee gemeet.
Wéi heen a sengem Geburtsland ukomm ass, hott heen iwwerall nom Menni Weisserding gefrot; natiirlich och bei Nooscht, well jo soss rëm jhiddereen gesin hätt wéi grouss hee wär. Heen hott sech beim Froën ëmmer missen op de Bödem knéien, well et soss opgefall wir datt seng Stëmm vun öwen koum. Schlussendlich hott heen räusfont wou dem Menni sengt Haus war. De Menni war scho fir zweet bestod, an hat äus all Ehe siwe Kanner. Hee war iwwerall bekannt fir seng Eeklichkeet a Falschheet.
De Matthäus hott en endlich font, wéi en amgang war Schof a senger Wiss ze scheeren. Dem Matthäus säi Scheed ass op den Menni gefall a voller Schreck hott de Menni opgekuckt. Heen hott direkt réaliséiert datt heen ee Member vun der Famill Alibaba virun sech stouen hat. Den Matthäus hott hasserfüllt gesot: “Du hoss mer meng Famill wechgeholl wéi ech dräi Joer al war. Lo solls de dofir büßen.“ De Menni war sou panickerfüllt, datt heen direkt voller Hast wollt fortlafen. Heen hott ewer nët gekuckt wou hee géif lafen, an ass versehentlich a sengt Schof geknuppt, onglécklich driwwer getrollt an hott sech, op der annere Säit vum Schof op de Bödem fällend, matt engem dumpfen Knacks sengt Genéck gebrach. De Matthäus war frou datt dem Menni sengt Schicksal sou von selbst besiegelt war, an ass emgedréint fir heem bei seng Fra a säi Jong ze gouen.
Heen ass gang a gang a gang. Iirgendwéi wousst ën nët méi richtig wéiee Wee datt et war. Heen hat och nach ëmmer vergeess ze froën a wéiengem Land seng nei Famill géif wunnen, sou blind war hee geweest vu Liebe. Hee konnt also och nët nom Wee froën. Emmer méi verzweifelt ass de Matthäus umhergeirrt in der Welt. Mee heen hott sengt Doheem einfach nët méi rëmfont. A wann hee lo nach sicht, dann ass heen nach nët gestörw. A wann seng Fra a sengt Kand lo nach ëmmer op hee waarden, da sen si och nach nët gestörw.