Den ongléckliche Prënz
Chantal Schaul, 1998
Viru sou schrecklich langer Zäit, datt scho keen et méi weess, hott sech eng Kéier dëss wonnerbar Geschicht ereignet.
An engem klengen Deerfchen namens Féisgref hott eng Kéier eng oerm Famill gewunnt. Si hate ganz vill Pech am Leewen. D’Mam hat schon iwwer honnert Kanner geboren, vun deenen ewer just engt iwwerleewt hat. Déi eng Kanner sen schon am éischte Mount gestörw, déi anner hu besse méi lang gebräucht. Verschiddener sen eng Woch nodeem se op der Welt waren un enger Longenentzündung gestörw, well d’Famill keng Suen hat fir d`Heizung ze bezolen an och net räich genuch war fir Kleeder ze kafen. Si hate mol keng Sue fir ee Bam ze séinen a matt de Bleeder Kleeder ze bixen. Mä och wann se sich dat hätte leeste kennen, dann hätte se nach keng Nol a keen Zwir gehat fir d’Bleeder zesummenzebixen.
Mee zreck zu de Kanner. Annerer sen, soubal se lafe konnten, iwwert eng lasse Plättchen getrollt, in den Tod hinein. (D’Famill konnt sech et nët leesten d’Plättercher nei verleen ze lossen.) Annerer rëm se vum Daach gefall, am Mëstepull vum Noper ersoff, an der Mass schaach gefall an ni méi aus dem Koma erwächt, bis se schliesslich einfach begrowe goufen. Rëm annerer sen am Schnéi erfrör wéi se ze lang dra gespillt hun, odder si sen am Supermarché ennert ee Weelche komm. Heinsto se se engem anneren Noper versehentlich an de Mëstegreef gelaf a qualvoll gestörw, oder an de Bësch gang ouni dem Papp seng Erlabnis a vun engem Rudel hungriger Wölfe grausam zerfleischt gin.
Déi oerm Elteren – si houschen iwrigens Josette an Leopold Offsprang – hun einfach kengt vun hire Kanner behal. Enges Daags, however, ass hiirt Meedchen Lyrica op d’Welt komm. D’Josette hat zu deem Zäitpunkt schon 66 Joer, a wosst datt dest hiirt lest Kand wärd sen. De Leopold hat sougoer schon 78 Joer. Allen zwee wossten se: wann dëst léiwt Kendchen och lo nach steerwt, dann weerten si kindlos bleiwen an hir Existenz net perpetuéieren kennen. Dëser tragischer Tatsache ins Auge blickend hu se hiirt Frischgeborenes gehegt a gepflegt wéi nach soss ni engt vun hiren Kanner.
D’Lyrica hott tatsächlich déi kritisch dräi éischt Joer, an deenen bis lo all Kand vun der Offsprang Famill gestörwe war, iwwerleewt, ouni och nëmmen eng eenzig Krankheet odder irgendeen Aksident. D’Eltere waren überglücklich, mee hun ewer all Dag mam méiglichen Doud vum Lyrica gerechent. Allen Ängsten zum Trotz hot d’Lyrica ewer gesond an unversehrt virugelewt.
Wéi d’Lyrica 24 Joer hat, ass unerwarteterweise säi Papp Leopold un enger Schank ersteckt, am Alter vun nemmen 102 Joer. Iwwert dëse fréien Doud vun hiirem Mann ass d’Josette ni wechkomm an ass vu läuter Tränen vergiessen äusgedrëchent bis zu engem mumienähnlichen Zoustand. Wat d’Lyrica och gemeet hott fir seng Mam ze iwwerreden dach engt Glas Waasser ze drénken, et ass him nët gelong. No engem Joer all Dag an all Minutt Kräischen ass d’Josette klagevoll zu Stëps zerfall.
Lo war d’Lyrica ganz alleng op der grousser Welt. Hatt war 25 Joer al an sou oerm wéi seng Elteren et virun him waren. Hatt hott deessidéiert fir vu Féisgref fortzegouen an sengt Glück an der grousser Welt ze sichen.
Hatt ass durch einen tiefen Wald gang, dee vum Döerf fortgefouert hott, ëmmer méi déif an de Bësch, bis an déi däischterst an onheemlichst Wenkelen. Obeemol ass et him wéi Schuppen von den Augen gefallen: hatt hat sech unwiederbringlich verlaf!
Voller Angst a Panik ass hatt virun durch de Bësch gehetzt. All Aast ass him widdert d’Baken geféitscht an hott immer tiefere rout Striemen hinterlassen. Wéi et sou lös däischter gin ass, hott hatt sech op een unbekanntenen gring matt rout getëppelten Pilz gesat, dee sou grouss war wéi een Hocker. Hatt konnt sougoer damatt rondrëm dréinen. Wéi et sou amgang war op sengem Pilz ze rotéieren, hott et obeemol d’Geräisch vun Pferdehufen vu wäitem héieren. Hatt hott sech blitzschnell ënnert engem riesigen, prabbliähnlichen Gegenstand, deen altrosa matt orange karéiert war, verstoppt, deen sech spéider och als Pilz entpuppt hott. Hatt hott beobachtet wéi d’Peerd sech enger Lichtung nët wäit vun him genähert hott. Op dem Peerd souz een gutaussehender junger Mann, deen een langen rouden Samtmantel getragen hott. Um Kapp hat en eng Prënzekroun déi am düstere Bësch wéi von Geisteshand gëldich a sëlwrich geglënnert hott. Matt engem Saz hott heen sech vum Peerd geschwungen, sou datt säi Mantel opgebauscht ass. Dunn ass ën ungeduldig am Kreess rondrëm getrëppelt, wéi wann heen op ee géif waarden.
Ongeféier no 20 Minutten ass dunn tatsächlich een opgetaucht: eng grauslich Hex. Si hott ugefong hämisch ze laachen: „Hiiiiäääähiiiiiääähiiiiiiiäääähiiiiiääää! Do bass de jo, klenge Prenz!” De Prenz hott rosen geäntwert: „Ech sën nët méi kleng! Ech kréien an zwee Méint 16 Joer!” D`Hex hott virugelaacht. „16 Joer, my arse! Du gesäis äus wéi 12!” – „Hal op domm ze schwätzen, Hex, a maach wat’s de mer versprach hoss. Héi hoss de deng 1000 Féisgreffer Golddukaten!” D’Hex hott de Säckelchen matt Golddukaten grinsend entgegengenommen an an hir Täsch gestach. Du wollt si hirer Wee gouen, mee de Prenz hott hiirt Fatzekleed ergraff a si domatt zreckgerappt. „A wat ass matt mengem Talent?” D’Hex hott gemeet wéi wann si näischt géif bekäppen. „Wat?” – „Ma du blöd Hex do! Du solls mer dach fir déi Suen d’Mécanicien’s-Talent unzauberen! An d’Adlichkeet wechzauberen. Ech well net Kinnik gin, mee Mécanicien!” D`Hex hott rëm ugefong hämisch ze laachen, sou haart wéi nach ni. Wéi si rëm konnt schwätzen sot si zum verdutzten Prenz: „Wat bass du ewer sou naiv! Mengs du wirklich, ech géif der eppës fir deng Sue gin? Wees du nët datt ee mer net kann trauen? Als Strof fir deng Naivitéit verzauberen ech dech lo!” Et hott engkéier gepouft a schwarz gedämpt. Wéi den Damp sech verzunn hat war d’Hex an de Prënz verschwonn. Am Prenz senger Plaz stung auf dem Waldboden . . . ee Radiowecker!
D’Lyrica war nach emmer ennert sengem Pilz verstoppt a konnt sengen Aan käum trauen. Zudem hat hatt och nach Herzflattern an hott gemengt hatt krit geschwënn een Herzinfarkt. Hatt hat sech nämlich Hals über Kopf an de jonke Prënz verléiwt.
Zaghaft hott hatt sech dem Radiowecker–Prënz genähert, hott en opgehow a matt liebenden Augen angeschaut. Et war ee Prachtstück vu Radiowecker, matt alle moderne Funktiounen déi een sech nëmme konnt virstellen. Hatt hott direkt agestallt wéini hatt deen Dag drop wollt opstouen, fir ze kucken, ob den Apparat dann och géif funktionnéieren. Dunn hott et sech rëm op de Wee gemeet, fir aus dem Besch räuszekommen. Hatt hott de Radio dofir ugemmeet an ass an déi Richtung gang wou et déi beste Receptioun krut. Et hott tatsächlich geklappt. Hatt hott de Wee räus fond. Dunnn hott et sech ënnert ee Bam um Bëschrand gelooscht an ass in tiefe Träume versunken, an deene Prënzen sech gute Nacht gesot hun.
Den Moien drop ass dunn de Radiowecker an Aktioun getröden. Dem Prenz seng wonnerbar harmonisch Stëmm ass erklong an hott dess Weerder vu sech gehaucht: “Ech se goer kee Radiowecker! Ech sen ee verwonschene Prënz! Hëllef mer! Erléis mech!” D’Lyrica war erféiert durch deen jähen Message, mee och frou fir dem Prënz seng harmonisch Stëmm nach engkéier kënnen ze héieren. Hatt hott sech fest entschlossen den Prënz ze erléisen.
Als éischt wollt hatt sech op d’Sich no deer gaaschtiger Hex maachen. Hatt ass an dat nächst Döerf gang an hott iwwerall no enger ellener aler Fra gefrot, mee d’hott keen soueng kannt. Just den Dorfschmied hott hatt bei eng al Inzucht-Fra geschéckt, déi ewer hallef handykappéiert war, an net bösartig. Niedergeschlagen an zutiefst enttäuscht wollt hatt d’Dörf verlossen. Mee obeemol hott eng hauchzarte Stimme hannert sengem Reck harfenähnlich geruff: “Lyrica! Lyrica! Waard! Ech kann der vläicht hëllefen!” D’Lyrica hott sech verdutzt emgedréint an eng wonnerschéin, ganz a wäiss gekleeten Fra gesin. Et war eng Fee. Si ass sogleich bei d’Lyrica geschweewt an hott de Radiowecker an hir zaart Hänn geholl. “Ech kennen dëse Radiowecker. Et ass de Prënz Änder aus der Grafschaft Féisgref. Heen ass virun zwee Woche bei mech komm datt ech aus him soll ee Mécanicien zauberen. Mee ech sot zu him hee soll ser dat mol nach eng Kéier gutt iwwerleen. Ech hu gedooscht dat wär soueng vorübergehend Iddi. Mee wéi ech gesinn ass hee bei d’Hex Heideltraud gang. Seufz.” D’Lyrica hott verzweifelt geäntwert: “Ech well d’Heideltraud fannen fir den Prënz Änder ze erléisen. Weess du wou si ass?” Der Fee hott déi Iddi sichtbar net gefall, mee si hott zum Schluss deessidéiert fir dem Lyrica ze hëllefen.
Sou sën déi zwee de Moien drop rëm an de Besch gang fir d`Hex Heideltraud ze sichen. Géint der Mëttich koumen si bei eng Hütt am déifste Bësch. Si war gebaut matt technischen Apparater. D’Mauere waren aus Wäschmaschinne gebaut, deenen hir Bullaugen Licht an d’Hütt rageloss hun. De Balkon war matt Stereosanlagen an Faxen gemeet, wou de Papeier nach hallef räushoung an den Androck gemeet hott als hätt d’Hex Wäsch fir ze drëchnen äusgehong. Den Daach war äus engem ganz groussen Laptop gemeet, deen opgeklappt no ënne gedréint war. De Kamäin war ee PC. Den Zonk virum Häus war matt Fernsehen a Videorecorderen gebaut. Zudem war och nach eng grouss Vitrinn un deer viischter Hüttemauer. Si luch voll matt elektronischen Apparater, vun der Zännbiischt bis zur Mikrowell. A groussen Buschteew stung öwendriwwer: HEXI INTERNATIONAL. An der Vitrinn konnt een d’Hex gesin, wéi si d’Preisser vun hire Waren nei beschrëft hott. Si hott alles döbel sou deier gemeet.
D’Fee, hiiren Numm, ‘t wir un der Zäit zë soen, war iwwrigens Feetischa, hott dem Lyrica zugeflüstert: “Mer mussen d’Hex ëmbrengen, well wa si steerwt, da léisen sech all hiir Verwënschungen op.” D’Lyrica hott der Fee zugenickt. D’Feetischa hott sech heemlich an d’Hütt geschlach; d’Lyrica war hir dicht auf den Fersen. Si hu sech zum Hintereingang rageschlach, an der Hex hir Kichen. Do war ee riesige Baköwen, een wackeligen Dësch an een hinkenden Stull. D’Feetischa hott sech drugemeet de Stull matt Kabelen ze ëmweckelen, déi überall herumlagen. Hatt hott déi oppen Metallenden iwwerall op der Sitzfläche an un de Lehnen räuskucke geloss. Dunn hott et ee Stecker un d’Änn vun de Kabelen ugeschloss. “Simsalabar——get unsichtbar.” D’Kabelen sen unsichtbar gin.
Schon hun se Hexeschrëtt op deenen alen Diller héieren sech näheren. Déi zwee hu sech blitzschnell hannet enger Keerbiischt verstoppt, déi net wäit vum Stecker war. D’Hex koum gaapsend a laachend ran, an hott sech engt Dëppe Schmalz vun engem Regal geholl. Si hott scho gesabbelt vun Appetit. Si hott de Fanger an de Schmalz getunkt a genüssig dru geleckt. Dunn hott se sech endlich op de Stull fälle geloss. D’Feetischa hott blitzschnell de Stecker agestach an alsbald goufen der Hex hir Schreie begleitet vun engem unangenehmen verbranntene Fleischgeruch. Alsbald ass d’Hütt vunneneen gefall an hir Bestandteile: Mënschen. Deen een oder anneren hott , wéi en äus senger Verwonschung erwäscht ass, nët direkt geschnallt wat géif lafen, an hott fehl-am-Platzerweis freudig geruff: “Gët et Gegrilltes?” Mee soueng kleng onschëllig Äusrutscher konnt een hinne gäre verzeihen.
Och de Radiowecker hott sech rëm an de Prënz Änder zreckverwandelt. Mee well iwwerall Mënsche vum Himmel gefall koumen, hun d’Feetischa an d’Lyrica heen alsbald aus den Augen verloren. Den Menschenauflauf hott sech no an no verflüchtigt. Zum Schluss souz nëmmen nach de Prënz Änder pintschend um Bëschbödem. Schluchzend an herzzerrreissend hott heen gewimmert: “Lo sen ech nach ëmmer nët Mécanicien. Wat soll nëmmen aus mer gin?” D’Lyrica hott sech him genähert a versicht heen ze tréisten: “Ma Prënz Änder! Der kennt Eech jo eng Garage kafen, se “Garage Änder Féisgrëf” nennen a selwer doran schaffen.” De Prënz hott opgekuckt fir ze gesin ween ëm dëse gudde Ratschlag gin hätt. Wéi heen d’Lyrica erbléckt hott, hott heen sech alsbald Hals über Kopf an hatt verléiwt. Déi zwee hu sech lang an tiefgründig in die Augen geblickt.
Schlussendlich hott de Prënz endlich das Schweigen gebrochen an liebevoll zum Lyrica gesot: “Ech bräuch lo nët méi Mécanicien ze gin. Ech wëll dass du meng Fra gëss, dann hun ech Erfüllung genuch.” D’Lyrica hott geseufzt vu Gléck. D’Feetischa hott sech direkt als Paschtouer verzaubert an déi zwee sech Liebenden vermählt. A wa si sech nach ëmmer lieben, da sën së nach nët gescheed.