schaulism

Home > Stories > Lëtzebuergesch Geschichten > Déi verhängnisvoll Agravéierungsmeissel

Déi verhängnisvoll Agravéierungsmeissel

Chantal Schaul, 1999

Viru ganz langer Zäit gouf et eng Kéier eng kleng Reesgesellschaft, déi Kräizzich a Pilgerfaarten an de Süden organiséiert hott. D’Clienten goufen matt oppenen Pärdskutschen, déi rapid wéi de Wand waren, an hir Destinatiouns-Länner gefouert. Eng Rees déi zu Fouss op d’mannst dräi Méint gedauert hätt, hott op dess Manéier nemmen dräi Wochen in Anspruch genommen. Dess wonnerbar Reesen waren vun fir bis hannen durchorganiséiert vun der Reessgesellschaft, déi iwrigens CRUXAIR TOURS geheescht hott.

Fir hir Clienten och op der Destinatioun ze betreien, hott Cruxair Tours iwwerall superkompetent an multilinguistisch Guiden geschéckt, fir och dem hilflosesten Pilgerer an Kräizritter an der Nout beizestouen. Heinsto nämlich, wossten déi Reesend net em wéieng Zäit hir rapid Pärdskutsch géif fortfoeren, obwohl si d’Zäit op hirem Pärdskutschentickeesteen agemeisselt haten. Odder si wossten net a wéiengem Sammelzelt si eng Plaz gebucht haten. Et koum och alt vir datt ee Client gemengt hott hee misst fir d’Réckreess säin Numm a séng Adress op dem Gepäck matt engem Cruxair Tours Logo fresch agebrannt kreien.

An desem Märchen konzentréiere mer äis der Einfachheet halber lo op eng eenzig Destinatioun vun der Cruxair: Mallorca. Fir d’Pilgerer war dess Insel interessant well hir Ziler waren déi berühmt brung Jungfrau am Klouster vun Lluc, souwéi déi weltberühmt Ballermann-6-Kiirch, wou een Wäiwaasser matt ganz langen Schalimoen äus Eemeren ze drénke krut. All Sonndes gung eng Processioun durch d’Schinkenstraße, déi sou geheescht hott, well de Jesus hei eng Kéier honnert Kilo Brout an Hamme verwandelt hott.

D’Kräizritter se gären op Mallorca gang fir géint d’Araber ze kämpfen, denen hir Kollegen Jerusalem belagert haten. Si hu sech ee Spaass dräus gemeet fir all Araber, deen si begéint hun, grausam emzebréngen. Dat hott sech heinsto zu engem Problem entwéckelt, wann zum Beispill den Eselskutsche-Schoföer een Araber war, an obeemol vun engem Kräizritter gekäppt gouf. Op déi Mannéier ware scho vill Aksidenter geschigt.

Mallorca war also och schon deemols eng vun Mëtteleuropäer gäre besichten Insel. Neewt Cruxair Tours gouf et och nach vill anner Gesellschaften op der Insel, déi fir hir Landsmänner Reesen organiséiert hun, zum Beispill HUI, eng germanisch Gesellschaft, déi sech domatt gerühmt hott ganz besonnisch rapid Pärd hiirt Eigen ze nennen. Dess Pärd waren angeblich matt Wandhenn gekräizt gin, datt se extra séier sollte lafen. Doneewt gouf et och nach Schneckermann, eng ganz bellig Gesellschaft, déi dofir ewer och matt deenen älste Gäulen gereest ass, an iwwert engt Joer bis op Mallorca gebräucht hott.

Eng angelsächsisch Reessgesellschaft war déi sougenannten Thompson. Deen alen Tom hat matt sénge siwe Jongen de Betrieb opgemeet, an déi Jongen haten och lo scho rem Jongen, sou datt se sech obeemol iwwert näischt méi eens gi sen a mol keng Eenheetspräisser méi haten. Well keng Organisatioun méi do war, hun d’Thompson-Guiden sech hir Uniformen selwer misste maachen. Well si keng Paie méi kruten fir sech Schof ze kafen a vun der Woll Kleeder ze strecken, hu si missten Blumme plécke gouen a sech doräus Uniformen flechten.

Mee komme mer lo zu deer eigentlicher Geschicht. Mer befannen äis un engem ganz normalen Dag am Leewe vun den Cruxair Tours Guiden. D’Clienten ware grad matt Eselskutschen zréckgefouert gin op de Pärdskutschenhafen. Hiirt Gepäck gouf schon agedeckt (déi Zäit gouf nach net „agecheckt“, mee „agedeckt“, d.h. d’Saache goufen ennen an d’Kutsch gelooscht, du gouf eng Schicht Decken driwwer gelooscht, dono eng Schicht Hee, an dono rem eng Schicht Decken, wou dann déi Reesend hir numeréiert Setzer drop haten). D’Clienten ware schon beim steierfräie Véimaart passéiert, a waren och schon all duurch d’Identitéits-Brandzeeche Kontroll.

D’Cruxair Tours Ekipp stung zefridden bei hiirem klengen Zelt, fir alles an d’Rei ze maachen fir déi nächst Clienten, déi geschwënn géifen ukommen. Hannert dem Rezeptiounsbreet am Zelt stungen d’Yolodela Yolanda, kuurz Yola genannt, d’Chef-Guidin, an de Spaniel Tuhn, kurz Span, dem Yola seng rechts Hand. Virum Zelt waren déi restlich Guiden versammelt: d’Natschascha, eng aufs Ganze gehende Guidin, den Herbert de Thon et de Taxi, Viconte de la Province de Michel et roi futur des émirats du Congo, ee verarmten Adligen äus dem Frankenreich, kuurz genannt Michel. Een drette Guide war den Fraisderouto Kies, kurz Fraisd, ee vun deenen zwee Guiden, déi keen Esel vun Cruxair Tours zur Verfügung gestallt kruten. Deen anneren esellosen Guide waren d’Cantica Inglés, eng England-obsedéiert Guidin. Ee fennefte Guide war den Optidenny, dee fréier matt Aan gehandelt hat. Dann war do nach d’Thossi Touristica, dat sengt ganzt Leewen dem Tourismus gewidmet hat an sech dofir als Mann verkleed hat fir kennen op enger Universitéit séngt Lieblingsfach ze studéieren. Ee leste Guide zu Mallorca war de Lüssy Lüss Strickeuphoria. Hee war privat de Schéiferlüss a konnt eng fofzich Schof sein Eigen nennen. Heen hat sénge Schof all een Numm ginn an hott se regelméissig geschör. Heen war och ee leidenschaftliche Stréckert, a gouf seinerzeit vu sénger Bomi de Strécklüssi genannt. Vun sénger Schofswoll hott heen all Weekend déi wonnerschéinste Ploweren, matt deenen ausgeklügelsten Musteren gestréckt, matt deenen heen séng Uniform ze verschéinere vermocht hott.

Wéi d’Cruxair Tours Guiden also gutgelaunt bei hiirem Kiosk-Zelt stungen, hott d’Yola obeemol gesin datt si vun der Pärdskutsche-Landebunn Rauchzeechen geschéckt kruten. Gebannt hott de Span mattgelees: “Mer hun eng geféierlich Cliente an Bord. Si hott all d’Insassen vun der Pärdskutsch ausgeraubt, mee get et net zou. D’Cliente heescht Mohnbluma Waldschuppig.”

Sou séier wéi si konnt, hott d’Yola engt Feier entfacht, hott eng Fatz geholl, déi eigens zu diesem Zweck bereetluch a zréckgeräuchzeechent: “Ech kommen direkt.” Sou ass et dann och geschigt. D’Yola an de Span se bei d’Pärdskutsch gerannt, wou d’Clienten nach all rondremstungen, matt käum nach Kleeder um Leiw. D’ Mohnbluma Waldschuppig souz nach emmer an der Kutsch. Si konnt sech vu Bagage bal net beweegen. Si hat op d’mannst zing Schichte vu Kleeder un, zwanzich Kilo Schmuck un hirem Hals an un hiren Ärm hänken, déi scho bal entzwee waren, an um Réck hat si een risige Rucksak, dee bal déi ganz Kutsch opgefellt hott.

D’Yola hott sech hir ganz diplomatisch genähert a gesot: “Madame Waldschuppig, mein Numm ass Yola vun der Cruxair Tours, et deet mer leed datt ech Eech muss stéieren, mee ech krut gesot Der hätt déi anner Clienen beklaut.” D’Mohnbluma Waldschuppig hott ganz erstaunt gekuckt an empört gesot: „A wou soll ech dann eppes geklaut hun? Alles wat ech hei well maachen ass an d’Schinkenstraße pilgere goen. Ech sen eng al krank oerem Fra. Ech hun nach ni enger Menscheséil eppes zuleeds gedo.”

D’Yola hott ganz diplomatisch geäntwert: “Därf ech jhust eng Kéier pro Forma an Ärt Gepäck kucken?” – “Natiirlich, ech hun näischt ze verbergen.” D’Yola hott de Sak opgemeet, a scho se Kleeder, Schung, Valissen, Poschen, Portmonnien, sougoer Goldzänn a Parécken zum Vorschein komm. D’Mohnbluma Waldschuppig hott empört geruff: “Dat do wousst ech awer net !!! Dat do huet méng Frendin mir heemlech an d’Gepäck gestach !!! Dat ass awer allerhand !!! Lo gin ech bei d’Inselbrigad. A wat héngt hei alles u méngem Hals an u mengen schwachen Handgelenker! Dat hätt ech awer net vun enger Frendin geduecht !!!”

D’Yola hott séng Transfers-Kouhäut erbäi geholl a gefrot: “Wéi heescht Är Frendin dann?” – “Dat wees ech net méi. Wesst Dir, mäi Verhalt ass net méi dee Beschten. Kann ech da lo awer goen?” Wéi jo jhiddereen weess kann een dem Gesetz no kéng Seniorin verhaften (dat hat schon deemols de Popst Pius den I. dessidéiert) a sou konnt d’Mohnbluma Waldschuppig von dannen ziehen an hir Vakanz genéissen.

Déi Reesend goufen an déi jeweilig Eselskutschen geloden an an hiirt Sammelzelt transferéiert, wou schon hir agezeechent Schlofplazen op si gewaart hun. Deen een odder anneren war am 'séjour libre’ an hott missen ennert engem Bam schlofen. D’Mohnbluma Waldschuppig ass och an hiirt Sammelzelt, namens Riu Plajha Päsch, transferéiert gin.

Den Dag drop war am Plajha Päsch den Info Cocktail, deen de Fraisd gehal hott. D’Clienten souze schon all prett bei engem klénge Floss no beim Sammelzelt a krute vum Fraisd hire Cocktail: ee Lederspättchen matt Flosswaasser gefellt, a matt entweder enger Oranchescheiw dran odder enger fermentéiereter Drauw. Och d’Mohnbluma Waldschuppig souz inmitten vun de Reesenden. De Fraisd hott sein Kouhäutkoffer opgemeet, seng Rumings-Kouhäut räusgeholl an ugefong matt schwätzen.

“Am Numm vu Cruxair Tours heeschen ech Eech häärzlich wellkomm hei zu Mallorca. Als éischt poer Informatiounen iwwert Rauchzeichen-Adressen. Der hutt hei an Ärer gegerbter Schwéngshäut-Broschür agezeechent a wéieng Richtung Der Är Rauchzeichen kennt schécken, wann Der een Noutfall hätt. Falls Der een Heeler géift bräuchen, frot Ären Zeltbewaacher, da schéckt deen Eech ee Privatheeler matt onofhängige Bluteegelen. Ech géif Eech uroden Är Wertsaachen an d’Mini-Grott vum Hotel anzespeerren, well hei muss ee gutt oppassen matt den Täschendéiw.

Wann Der wellt heemruffen, dann kenne mer Eech eng Teleruff-Zentral an den Tramuntana Beerger rekommandéieren, wou Der kennt ruffen. Den Echo vun Ärer Stemm get dann virugeleed iwwert d’Alpen bis op Letzebuerg an d’Eislécker Koppen. Leider kenne mer dese Serviss nemmen fir d'Éislecker ubidden.

Fir Suen ze weesselen, schaffe mer zesumme matt engem Privatschmatt, de Salvador, deen Eech extra Präisser mecht fir een neien Androck op Är Menzen ze schlouen. Wann Der wellt Suen opheewen, dann hu mer un der Strandpromenad ganz vill Bakomaten. Dat sen also Pärd, déi um Wegesrand stin an extra dofir dresséiert goufen. Steecht hinnen eng Runkelrübe tëschent d’Zänn bis si de Bak opmaachen, an da kennt Der d’Sue räushölen. Mee opgepasst: de Weekend am Summer sen d’Bakomaten dacks egdel.

Sou, a lo poer Informatiounen iwwert eis Äusflich. Fir eis Kräizritter hu mer natiirlich extra Kräizzich an déi verschidde Regiounen unzebidden. Der gidd also moies matt der Eselskutsch als éischt op Palma gefouert, an dono direkt an de Reliounskrich vun Ärem Choix. D’Waffen kennt Der an extraen Butticker kafen. Opgepasst, bei desem Äusflug ass d’Mëtticheessen net matt abegraff. Owes gidd Der da rem ofgeholl. Mer foere moies meestens matt zwee odder méi Eselskutschen dohenner, an owes ass dann normalerweis jhust eng Kutsch do déi op Eech waart, well Der jo dann net méi zu souvill sidd.

Lo fir eis Pilgerer, do hu mer reliéis Äusflich ze offréieren. Dat geet och matt Eselskutschen beim Sammelzelt fort, an da gin d’Kiirche vun der Insel besicht, an och natiirlich déi Plazen wou de Jesus Wonner bewiirkt hott. Do hätte mer also-”

Obeemol koum de Sammelzeltbewaacher opgereegt matt den Ärm fuchtelnd gelaf an hott geruff: “Tuttum robatum ad internae, panickus tuttus, catastrophae, Waldschuppus robatum!!!!!!”

Blitzschnell ass de Fraisd bei d’Sammelzelt gelaf fir ze kucke wat geschigt war. Mee d’Zelt stung net méi do. Heen hott direkt verstann wat geschigt war: D’Mohnbluma Waldschuppig hat rem ee Kleptomanie-Anfall an hat dat ganzt Zelt matt jhidderengem séngem Gepäck geklaut. Si war virun enger halwer Stonn bei dem Postboten gesi gin, wéi si him poer risich Kësten gin hat fir op Letzebuerg ze schécken. Gottseidank war de Postbote nach net aufgebrochen, an d’Saache konnte reküpperéiert gin. Allerdings wollt den Inhaber vum Plajha Päsch d’Madame Waldschuppig net méi ackomodéieren, obwohl si steif a fest behaapt hott, et hätt eng Frendin hir déi Keste gin a gesot si soll se fir si op Letzebuerg schécken. De Fraisd hott also missten engt annert Sammelzelt fir si fannen: de Rio Plajha Tennis.

All Dag hott d’Madame Waldschuppig lo bei d’Yola Rauchzeechen gemeet an hir Sorgen erzeelt. Si hott geklot datt si krank wär an all Dag dräi mol Blugteegelen ugesat misst kréien, datt d’Heeler hei zu Mallorca ewer näischt wären, datt si net virun d’Dir kennt gouen well se sou krank wär. All Dag wollt si een anneren Datum heemfoeren an hott gemeckert wann deen Dag keng rapid Pärdskutsch gefoer ass, odder keng Plaze méi fräi waren.

Enges Dags hott si op de Büro Rauchzeechen geschéckt, wou grad dee Moment de Lüssi Lüss war. Si wollt unbedingt mam Yola kommunikéieren, mee well hatt grad amgang war Transfers-Lesten-Schwéngsheit ze gerben, konnt hatt dofir net bei d’Feier kommen. D’Madame Waldschuppig war getouft an hott zréckgerauchzeechent: “Wann d’Saach sou ass, da gin ech lo an d’Meer a brénge mech em.” Dunn hott se d’Feier äusgemeet. Kurz drop koume Rauchzeechen vun der Inselbrigad. Si haten d’Waldschuppig tatsächlich am Meer font, wéi si dra wollt spadséiere gouen. Wéi si se gefrot hun wou se da géif wunnen, hott d’Waldschuppig op d’Meer gewisen.

Déi oarm Cruxair Tours Guiden se séier op déi onglécklich Plaz geridden an hun d’Situatioun gerett. Wéi si d’Waldschuppig am Plajha Tennis a Secherheet broocht haten, hott si folgendes zum Span gesot: “Der sidd souee gudde Guide, ech well Eech als Belounung eng Agravéierungsmeissel vu méngem Fiss gin. Der kritt se wann Der mer ee fréie Retur organiséiert. Ech well lo den zweeanzwanzigsten heem.”

Dem Span seng Aan hu geglänzt. Et war nämlich sein Kindheitstraum fir Grabsteingravierer ze gin. Heen hott ewer ni gewosst wou een eng Agravéierungsmeissel sollt herkréien. Lo war säi Problem geléist. Heen hott heemlich geplangt fir wann en d’Agravéierungsmeissel bis hätt, bei der Cruxair ze kënnigen an een eegenen Grabsteingravéierungsbetrib opzemaachen. Heen hott alles drugesat fir der Waldschuppig hire Vol Retur sou séier wéi méiglich ze reeservéieren, an hott all d’Telex-Dauwen, déi d’Cruxair zu Mallorca hat, anspornend fortgeschéckt, jo bal gehäit, matt séngem dringende Messaasch.

Enges Dags um Büro, wéi de Span rem grad verträumt op eng Telex-Dauw gewaart hott, hott d’Yola, a séngem fortwährenden vor-sich-hin-Reden erwähnt datt d’Madame Waldschuppig hir eng Agravéierungsmeissel vun hirem Fiss versprach gehat hätt. De Span ass bal schwaachgefall vu läuter Schreck, mee krut sech nach gefaasst, an hott ganz locker reeplickéiert: “Ah sou.” Heemlich hott hee geplangt fir d’Yola vun der Bildfläch verschwannen ze lossen, well hee fir séng versprache Meissel a sengt erdreemtent neit Leewen alles gemeet hätt, och wann hee soss ni op souee Gedanke komm wär.

Heen hott sech iwwerloocht fir d’Yola eng Kéier heem bei sech ze invitéiren an him em Kuch z’eessen ze gin wou fermentéiert Drauwen dra wären, sou datt hatt herno ze voll wär fir heemzefoeren. Dann géif heen hatt an d’Gästezimmer leeen. Well a séngem Häus jhust eng Feierplaz war, nämlich a sénger eegener Schlofkummer, géif d’Yola natiirlich an der Nooscht kläglich erfréieren. Mam Yola séngem Doud, sou hott de Span gedooscht, wär d’Agravéierungsmeissel seng.

Heen hott scho sou opfällig gelaacht datt d’Yola erstaunt gefrot hott: “Wat ass, Span, wat laachs de?” De Span hott heimtückisch geäntwert: “Ech hu grad un deen neien Esel gedooscht, deen ech d’nächst Woch kréien, wa mer d’Eselsverleih-Firma weesselen.” D’Yola hott reeplickéiert: “Ma Span, ech wosst goer net dass du soueen Eselsfreak wirs.” De Span hott séier eng Äusred gesicht a gesot: “Oh weess de, t’ass ee matt Servo-Zijhelen, dat faszinéiert mech einfach.” Matt deer Äntwert hott d’Yola sech dunn zefridde gin.

Poer Dee drop war d’Yola dunn op Besuch beim Span, an hott nichtsahnend dee vermeintlich normalen Drauwekuch geess. Schon no engem Stéck konnt hatt net méi stouen. Nom zweete Stéck war den Owend gelaf, an hatt koum nach sou jhust an d’Gästezimmer. Hatt ass direkt entschlof an hott déi Stalagtiten-ähnlich Eiszapfen um Plafon goer net méi bemeerkt. Sech d’Hänn reiwend ass de Span a séngt gutt gehetztent Zemmer gang an ass zefridden entschlof.

Dee Moien drop ass de Span normal schaffe gang. Hee wollt d’Yola net doudich gesinn, an hott bei sech gedooscht, datt säin Hond déi Saach scho géif regelen. Heen ass séier nach an de Büro geridden fir ze kucken, ob nach keng Telex-Dauw ukomm wär, an tatsächlich, et war eng do an der Waldschuppig hir Plaz war matt Erfolg gebucht. Freudetanzend ass de Span an de Plajha Tennis geridden an hott der Waldschuppig dee freudigen Message iwwerbrooscht. Hee krut dunn och déi versprache Meissel. Vor Freude umherspringend ass heen räusgelaf an hott d’Meissel dirket op engem Feels äusprobéiert. Mee Schreck lass nach !!! Scho beim éischte Stouss ass d’ Meissel an zwee Stécker gebrach. Vum Schock gouf et dem Span sou schlecht datt hee sech hott missen direkt iwwergin. Hee war schockéiert net nemmen iwwert dee kamelottähnlichen Zoustand vun der Meissel, mee natiirlich och iwwert d’Tatsaach datt heen onnéidischerweis dem Yola ee sou fréien Doud zougefouert hat.

Obeemol hott heen d'Äusmoosse vu sénger grausamer Tat realiséiert. Hee war am Boden zerstört; hee wollt sech schon embrengen vu Schuldgefühler. Heen hott sech op säin Esel gesat an ass nemme gerannt damatt, an der Hoffnug sou fest beizerennen, datt si allen zwee geschloocht wiren. Mee den Esel war schon ze al fir soueng waghalsig Unternehmungen. Ein gebrochener Mensch, hott de Span sech un de Wegesrand niedergelassen an ass in sich zusammengesunken. Obeemol, hee wousst net wivill Zäit scho verstrichen war, hott heen Eselshufen héieren. Hee wollt séngen Aan net trauen, wéi hee gesinn hott ween do geridde koum: d’Yola!

“Wat ass geschigt?”, hott de Span geruff. “Ech weess et net méi sou richtig. Ech war lo grad an de Fluss baden, well dein Hond luch neewt mer wéi ech demoien erwächt sen. Ech ka mech u goer näischt méi erenneren.” De Span hott heemlich séngem Hond merssi gesot datt heen d’Yola gerett an net gefreess hat. Voller neier Lebensfreude hott heen kurzerhand deessidéiert fir eng risich Party ze feieren, matt Lagerfeieren iwwerall.

Sou gouf et dunn och gemeet. Nodeem d’Mohnbluma Waldschuppig fortgefoer war, hun all d’Cruxair Guiden zesummen am Span senger Hütt déi gréissten Party, déi et bis dohenner je gin hat, gefeiert. A wa se nach feieren, se se nach net gestörw.