Déi grausam Verliess-Managerin
Chantal Schaul, 1999
Virun souvill Joëren datt sougoër een Historiker vu läuter zréckdenken de Kapp wéi krit, gouf et Kéier eng Buurg wou een frëndlichen, mee naiven Grof rejhéiert hott. Säin Numm war Burschi Graf. Leider ware seng Elteren allenzwee schon doud, an heen war och nach selwer net bestod, obwohl hee schon sage und schreibe siwwenzing Joer hat. All Meedchen an der Groofschaft hat et op heen ofgesinn, well si wollte Gräfin ginn. Mee de Burschi hat och nach déi Schwächt datt heen sech ni konnt fir eppës deessidéieren, an ëmmer 3 Stonne gebräucht hott fir een simple „jo“ odder „nee“ vu sech ze gin.
Jiddereen an der Grofschaft hat de Burschi ewer ganz gär, well hee jo emmer fein matt sengen Untertanen war, an ni engem express eng Dreckserei gespillt hätt. Och d‘Angestellten an der Burg hun de Burschi ni hintergangen odder betrogen. Si hätte liicht Saache vun him klaue kënnen, well de Burschi war ëmmer am Bësch an hott ni op sengt Hab und Gut sonderlich opgepasst. Mee do war natiirlich – wéi konnt et annischt sen – eng Persoun déi d‘Situatioun äusgenetzt hott a Macht an sich reissen wollt. Et war d‘Managerin vum Burg-Verliess.
Dëss Managerin hott Virginie Sadistika geheescht a koum äus enger Famill vun Verliess-Manageren. Hatt sollt schon an d‘Bixzëmmer abgeschoben gin, wéi hatt engt Meedche gi war, mee hatt hott sech hartnäckig durchgesat an der Männerwelt, a hott et sou feerdigbroocht fir säin Dramberuff äusféieren ze deerfen. Dem Burschi war dat souwisou och zimmlich egal ob de Verliess-Manager ee Mann odder eng Fra war.
Wat de Burschi nët wosst, war datt d‘Virginie ganz grausam, an zuwider de Verliess-Reeglementer, matt senge Gefangenen ëmgesprong ass. Hatt war eigentlich just zoustännig fir d‘Gefangene ze figderen, an heinsto ze kucken datt së nët an hirem Dreck géifen ënnergouen, an natiirlich och opzepassen datt kee géif fortlafen, a wann, dann deejéinigen bestrofen. Dat war alles.
Mee ‘t hott schon domatt ugefong datt d‘Virginie sech wollt bei der Verhaftung a bei der Geriichtsverhandlung amëschen a matt deessidéieren ween firwat festgeholl géif gin a wéi d‘Strof géif äusfällen. Hatt hott sech a senger Fräizäit emmer verkleed an ass dorëmmer no Gesetzesbrechern kucke gang. Wann et ee gesin hott eppës Unrechenmachenschaftliches maachen, hott hatt direkt nom Scheriff geruff, datt e soll auf frischer Tat ertappt a festgeholl gin. Dat waren heinsto Klengigkeeten, déi do verbrach goufen, wéi zum Beispill eng Blumm am Noper sengem Gaart plécken, ganz bëssen ze séier an heinsto liicht besoff op dem Dorfpfad lafen, engt Messer an der Täsch hun, nët an d‘Mass gouen, dem Noper sengem Kand eng op de Bak gin, de Grof beschäissen, Pläne schmieden fir de Grof ze bestoden, der Burg hir ellën Fassad rofmaachen, a sou virun.
D‘Virginie hott de Schëlligen verroden an viru Geriicht als Augenzeuge mattgewiirkt. Hatt hott natiirlich seng Versioun vum Vebreechen ëmmer bëssen iwwerdriwwen, an och am Geriichtssall d‘Legt ugestachelt bis datt se all gejhäut hun: „Geheit en dach nëmmen an d‘Verliess!”, a sou dem Riichter seng Deessisioun manipuléiert hun.
Wann d‘Virginie säin neien Gefangenen dann hat, hott ët ën als éischt bëssen torturéiert. Dono hott ët dat Unfassbare matt ëm gemeet, wat et matt allen Gefangenen an sengem Verliess gemeet hat. Hatt hat eng Mannéier fonnt fir seng Gefangene op grausamst Art a Weis ze quälen, déi sougoer méi schlëmm war wéi wann së erhong, gekäppt, um elektrische Stull elektriséiert, odder einfach leewenslänglich am Verliess ugëkett gi wiren. Seng Erfindung war sou schlëmm, datt ech lo all Zartbesaitete beeden fir entweder opzehale matt leesen (odder matt läuschteren) well soss kënnte si engt Leewe lang traumatiséiert gin.
Also, fir Eech nët méi lang op Folter ze spannen, soën ech Eech lo wat d‘Virginie matt sengen Gefangenen gemeet hott: hatt hott hinnen als éischt d‘Ärm an d‘Been amputéiert, hire Rumpf dono an een speziellen Halter gesat, an deen dann op enger Toilett befestigt. Sou souzen se also all an der Rei op hiren Toiletten. Fir datt si nët géifen erhengeren, hott d‘Virginie hinnen ee Fliessband gebaut, deen virun hire Mënner gelaf ass, a wou läuter Eesssaachen dropluchen, déi si mam Mond konnten rofzerren. Dese Fliessband gouf angetrieben vun zwee ongléckliche Séilen, déi ganz besonnisch vill Pech haten, an op déi d‘Virginie et ganz besonnisch schlecht gemënzt hat. Si hu missten matt den Zänn eng Kurbel dréinen, déi d‘Fliessband virugedréint hott. Wa si opgehal hun matt dréinen, goufen si vun engem eeklichen Hond, deen extra fir desen Zweck dresséiert gi war, grausam zerfleischt. Natiirlich kann een sech virstellen datt deenen zwee Onglécklichen hir Zänn a Goumen séier ofgenotzt waren, sou datt si hu missten matt hire Goumschanken virundréinen. Do hott d‘Ofnetzung natiirlich net Halt gemeet, a si sen no enger gewëssener Zäit ee grausamen Doud gestörw weenst Hirnquetschungen. Du koumen alt rem déi zwee nächst un d‘Rei, well d‘Virginie hat der ëmmer, déi hatt nët konnt äusstouen.
Et versteet sech vum selwen datt am Virginie sengem Verliess jiddereen leewenslänglich krut. Kee Mensch wousst wat do géif viru sech gouen, an am allermannsten de Burschi. Heen ass ni a säi Keller kucke gang, well hee Spanne geföert hott, a sou konnt d‘Virginie schalten a walten wéi hatt wollt. Hatt konnt säin heemlichen a liicht perversen Machtdrang am Verliess wonnerbar realiséieren a war bal restlos glücklich.
Et hott him nach just ee klengen Detail zu sengem Gléck gefeelt; hatt wollt de Burschi bestoden a Gräfin gin, natiirlich géif et nebenberuflich nach ëmmer de Verliess managen. Mee wéi sollt hatt dat erreechen? D‘Virginie war nët deen allerschéinsten Spezimen vun der mënschlicher Rass, a konnt also nët mol einfach am Burschi sengt Schlafgemach raspadséieren an heen verführen, well sougoer heen wär nët dorop ragefall. Hatt hat zwar lang blond Hoer, mee si waren permanentéiert a blondéiert an zwee- a méispetzig. Hatt war watschelisch a geschmacklos ugedou. Hatt hat zudem ee Schnurres, poër Warzelen an een unangenehmen Körpergeruch.
Wéi konnt hatt et also ustellen fir attraktiv fir de Burschi ze sën? Nachdenklich ass hatt durch d‘Toilettereien getrëppelt an hott d‘Toilette gebotzt. Hatt hott ëmmer am léiwsten Häusoerbichte gemeet, wann et nogedoocht hott. Et koum zwar mol vir datt ee Rumpf gemault hott wann hatt den Deckel opgeklappt hott fir d‘Innere vun der Toilette ze botzen, well heen dunn zwischen Himmel und Erde houng, mee d‘Virginie war séier feerdig matt souengen Opstänn an hott deem Ongedëlligen einfach d‘Zong räusgerappt datt ën ni méi konnt meckeren. Schließlich wollt hatt a sengen wichtigen Iwwerleeungen nët gestéiert gin.
Meanwhile sën op annere Plazen dem Virginie seng Iwwerleeungen gefährdet gin. De Burschi war grad amgang ee Ritt durch den Wald ze maachen. Heen hott déi frësch Brise an das Rauschen der Blätter genoss, wéi heen obeemol an enger Lichtung engt wonnerschéint Geschöpf schweewe gesin hott. Hatt hat ganz lang blond Hoer, déi bis a seng Kniekehlen gereicht hun, an engt wäisst Gewand hott seng zierlich Gestallt umhüllt. Hatt war amgang Holz zë sammelen. De Burschi hott sech him mit vorsichtigen Schritten genähert. Hatt hott seng Schritte héieren a sech blitzartig emgedréint. Hee sot entschëlligend: „Ech sën de Burschi Graf. Wee bass du?” D‘Meedchen hott heen eng Kéier rose gekuckt, säi Stouss Holz op hee gehäit an ass séier wéi de Wand fortgelaf.
De Burschi war stutzig fir ee Moment, an ass du séier deem onbekannte Meedchen nogelaf. No geraumer Zäit hott heen hatt och rëmkrit, nodeem e bal drëssig mol a Schof geknuppt war, déi och grad amgang waren Holz ze sammelen. Heen hott hatt un der Schëller ugehal, a, kee wees wéi et gang ass, du luchen si obeemol allen zwee um waldigen Moos. D‘Meedchen hott gejhäut: “Du hoss mäi Papp a meng fënnef Brigder an dengem Verliess sëtzen, obwol si goer näischt verbrach hun. Si se just zing Trapp an der Stonn ze séier matt engem Wol Hee geridden. Meng Mamm ass vor Kummer gestorben a lo sen ech leng op der Welt.” Hatt hott ugefong herzzerbrechend ze kräischen. De Burschi sot tröstend: “Da komm, da gi mer se fräilossen, wann dat wirklich sou ass wéi’s de seess. A wanns de wëlls kanns de meng Fra gin, well dee Moment wou ech dech gesinn hu Holz sammelen hun ech mech Hals über Kopf an dech verléiwt.” D`Meedchen hott iwwerglécklich geäntwert: „Ech së schon an dech verléiwt säit ech aacht Joer hun. A wanns du meng Brigder a mäi Papp wiirklich fräiléiss, da well ech vu ganzem Heerzen deng Fra gin.” Dorop hun déi zwee sech gefunden Habenden innig geküsst.
A sengem Verließ ass d‘Virginie nach ëmmer düsteren Machenschaften nogang an hat ee Plang entwéckelt. Hatt géif sech heemlich an der Nooscht an all Hütt an der Grofschaft schläichen, an allen sich in den Zeugungsjahren befindenden weiblichen Wesen de Bäuch opschnegden, d‘Gebärmütter räusschnegden, an dono rem zoubixen, sou datt si moies géifen erwäschen ouni eppës ze meerken. No an no géif räuskommen datt obeemol all weiblicht Wesen an der Grofschaft unfruchtbar wär, an dem Burschi seng Grofschaft wär gefährdet, well hee keen Erben kënnt kréien.
Wann d‘Virginie sech dann als eenzig fruchtbar Fra géif entpuppen, misst de Burschi hatt bestoden. Déi Gefoer datt de Burschi sech géif no enger äuslännischer Fra op d‘Sich maachen, hott d‘Virginie äusgeschloss, well hatt wosst datt dat him zevill Gedengels wir. An ausserdem konnt heen iwwerhaapt keng Fremdsprache.
Hatt war grad amgang sech ins Fäustchen zu lachen a sech teuflisch ze freeën op seng zukünftige Tat, dunn hott et un der Verliessdir getockt. Erschrocken ass hatt zusammengefahren, well säit hatt Verliessmanagerin war, hat et nach ni un der Dir getockt.
Dem Burschi seng Stemm hott alsbald geruff: „Virginie! Loss äis ran!” D‘Virginie hott panikéiert. Hatt hott d‘Dir ee Splack opgemeet a sech sou séier, wéi et bei senger Watscheligkeet méiglich war, hinausgeschoben an hott entschuldigend gelächelt. „Mee Här Burschi! Der fäärt dach Spannen!” De Burschi hott ungeduldig replikéiert: „Jo, mee dat hei ass lo méi wichtig wéi meng Spannenangst, an sou gutt wéi’s du ëmmer botz se jo bestëmmt keng do.” D‘Virginie hott bescheiden gelächelt. Hatt hat ewer nët iwwersinn datt engt wonnerschéint Meedchen neewt dem Burschi stung an hott direkt Lunte gerochen. „A ween ass déi Madamm dann do?” hott hatt sou nonchalament wéi méiglich gefrot. „Ma hatt sicht säi Papp a seng Brigder.” – „Dat geet ewer nët. Ech kann Eech déi nët weisen.” De Burschi ass ungeduldig gin, an hott d‘Virginie beiseite geschubst, wat him ouni Problem gelong ass, weel d‘Virginie nët grad vu Muskelen durchwachsen war. Hatt hott just een erféierten Schrei vu sech gin an ass dono séier fortgelaf.
De Burschi an d‘Meedchen sën an d‘Horror-Verliess eingetreten. Si konnten hiren An nët trauen wéi si dem Virginie seng Grausamkeeten entdeckt hun. Si sën direkt schwaachgefall. Réischt nodeem si erwächt sen, hun si direkt déi zwee Rümpfe, déi amgang waren d‘Fliessband unzekurbelen, befreit, an de Bewacherhond räusgejot. Dunn hu si versicht matt den Opferen zë schwätzen a si zë tréisten. Mee déi meest hate jo keng Zong méi. De Buurg-Reporter, deen dat flüchtend Virginie gesinn hat, ass rakomm an hott séier poër Biller gemolt vum Burschi matt Rümpfen um Schouss fir an d‘Pergament-Zeitung, sou datt all Welt sollt gesinn datt heen déi oërm Gefangenen gërett hätt.
D‘Meedchen dat, et wir un der Zäit et zë erwähnen, iwrigens Mikrowella housch, hat seng Famill ënnert de Rümpfen rëmfont a war amgang si der Rei no immer wieder zë umarmen. Nach just ee vu de Brigder, dee jengsten, hat seng Zong nach. Heen hott berichtet vun der Grausamkeet vun dem Virginie sengen Taten, an si sën, via Burg-Reporter, aller Welt kundgetan gin.
D‘Virginie ass dräi Dee dono font gin. Hatt war a sengem blanne Lafen an een Dornenbusch getrollt, an hat sech sou verheddert, datt et nët méi lass koum. Angezogen vum frësche Blugtgeroch war säin Hond gelaf komm an hott hatt bei lebendigem Leibe gefreess.
Op der Burg gouf eng Woch méi spéit d’Hochzäit vum Burschi a Mikrowella gefeiert, an d’Feieren hun dräi Woche lang gedauert. Déi zwee sech Liebenden hu vill Kanner krit, an de Burschi hott fortan d`Verliess selwer gemanagt an dem Virginie seng allzestreng Strafgesetze aufgelockert. D’Rümpfe äus dem Verliess goufen allesamt fräigeloss. Ee lokalen Erfinder hott fir si Breeder matt Reeder gebaut, wou si drop sëtze konnten. Speziell dresséiert Hënn hunn déi Rullbreder firugezunn. Extra tränéiert Lëpseleser hunn hinnen all Wonsch von den Lippen abgelesen an erfëllt. Engt speziellt Rumpfheim gouf hir Residenz, sou datt si de Rest vun hirem Leewe genéisse konnten. A sou hott déi ganz Grofschaft glécklich an zefridde viru geleewt. A wann si nach nët gestörw sën, da sën së lo nach glécklich.