Déi asiatisch Werkstatt
Chantal Schaul, 1998
Et ass schon onheemlich lang her, du gouf et eng Kéier ee jonke Jong namens Toffy. Séng Elteren waren oerm wéi Kirchemäis. Den Toffy hat nach zwanzich ältere Brüder, déi zwar allegoer räich waren, mee all hir Suen fir sech behal hun, an dem Toffy a sengen Elteren näischt dovunner abgegeben hun. Déi Brüder haten nämlich allegoer eng Werkstatt an hirem Besitz, wou Peerdskutschen hergestallt a gefléckt goufen.
Lo ass et sou datt dem Toffy séng Elteren déck rosen iwwert hir zwanzich anner Jongen waren well si sou eigennützig gehandelt hun. Aus hirer Roserei hun si dem Toffy verböden an d’Fußstapfen vun sénge Brigder ze treden: heen hott nët därfte Mecanicien gin! Si hun dobei absolut nët berücksichtigt datt den Toffy nëmmen een innigsten Wunsch je gehat hat: Mécanicien ze gin. Den Toffy war verzweifelt a rosen an eifersüchtig zugleich op seng Brigder, well déi jo all schon am Ziel vum Toffy sengen Träumen waren.
Et muss een och nach bemeerken datt den Toffy ee ganz léiwen Jong war, dee kenger Menscheséil je eppës gedun hätt. Heen hat dëss Qualitéit vu séngen Elteren geerwt. Seng Brigder, however, waren allegoer frech, an egoistisch, an hun all Bomi déi si begéint hun mam Fouss gerannt, sou datt si op de Bödem gefall ass, an all Bopi matt der Fäuscht an d’Gesiicht geha, an all Kand eng op de Bak gin. Wa si een ausgewachsenen Mann begéint hun, dann hun si heemlich, wann deen hinnen de Réck grad zougedréint hott, hee séier matt der Peitsch geféitscht, a wann de Mann sech rosen emgedréint hott an nom Schëlligen gesicht hott, dann hunn si gemeet wéi wann si vun näischt eng Anung hätten. Dem Toffy séng Mam hott ëmmer gesot datt si dat vun hirer Urgrousstata hätten, déi jo och sou grausam war, an als Hobby Einfamilienhütten in Brand steeche gang ass. Heinsto hott si heemlich Skorpiounen an Wéien a Kutschen gelooscht, wa si Drageën als Kado fir d’Geburt broocht hott. Jhust een Dag firun hiirem Doud hott si nach séier all Medikamenter an der lokaler Aptikt vergëft, sou datt sougoer nach no hiirem Doud hiirt Morden effektif war.
Den Toffy war also déi eenzig Freed déi seng Elteren nach haten. Hee wollt si natiirlich nët enttäuschen. Mee trotzdem konnt heen säin innigsten Wonsch, Mécanicien ze gin, nët vergeessen. Heen hott Dag an Noocht dru gedoocht. Hee konnt dodurch seng Oerbichten als Tagelöhner net ordentlich verrichten a gouf andauernd räusgeheit.
Enges Dags hott heen eng Deessisioun geholl, déi senger Meenung no déi best war fir heen a seng Elteren. Hee géif vun doheem fortlafen an an eng Werkstatt als Mécanicien schaffe gouen. Da géif heen sengen Elteren all Woch 99 Prozent vu senger Pai schecken, sou datt si keine Not leiden missten.
Gesagt, getan. An der Noocht hott den Toffy sëch heemlich davongeschlichen matt engem Bündel matt Eessaachen an frësche Kleeder iwwer d’Scheller geschwungen. Heen ass déi ganz Noocht gang, bis op Plaze wou heen nach ni war. Am ganzen ass heen dräi Wochen gewandert, bis heen an eng Stad komm ass, keng Eessaachen méi hat, a wäit genuch vun den Werkstätten vu sengen Brigder entfernt war. Erschöpft an hongrig ass heen durch d’Stad getreppelt, op der Sich no enger Werkstatt. Hee war scho bal rëm op der annerer Säit zu de Stadttoren räus, wéi en endlich eng Werkstatt begéint hott. A groussen Lettern stung öwendriwwer: ASIATISCH WERKSTATT. Dodrënner stung a bësse méi klenge Bischteew:
MER FLECKE PERDSKUTSCHEN, OCHSEKUTSCHEN, ESELSKUTSCHEN, SCHOOFSKUTSCHEN AN ALL FORTBEWEGUNGSMITTEL DÉI ET SOSS NACH GET.
Dem Toffy séng Gesichtszüge hu sëch erhellt. Heen ass zu enger klenger Nebentür ragang, wou „Büro“ dropstung. Alsbald ass him eng krächzend Stëmm em d’Ouere geflunn: „A wat mechs du klenge Schnuddler dann hei?“ Den Toffy hott sech zesummegerappt fir nët rosen ze äntweren datt hee schon bal 16 Joer hätt, an hott stattdessen sanft a fein geäntwert: „Ech géif gär hei schaffen.“ Déi al Fra, deer d’Stëmm gehéiert hott, hott als éischt den Toffy verächtlich angeschnauzt, dunn ewer sech d’Saach iwwerlooscht, a schließlich matt enger falsch-frëndlicher Stemm, déi nach ëmmer gekrächzt hott, gesot: „Dajee alt, da soe mer alt jo.“ Si hott kurz a lös hämisch gelaacht, sou datt ee bal näischt héieren hott. Dunn hott se nach hannendrugehong: „D’Arbeitsstunden se vun 2 Auer moies bis 12 Auer mettes, dann ass 5 Minutten Mëttespaus, an dono get nach eng Kéier geschafft bis 10 Auer owes. Ee ganz normalen 20-Stonnen Dag.“ Den Toffy hott freudig genickt. „Du krëss och nach eng Standard-Kombinaison, blo matt gring gesträift. Sich der eng äus deem Koup dohannen.“ Den Toffy hott sëch enthusiastisch op de Koup Kombiaisone gestiirzt a sëch eng räusgesicht. Hee konnt et käum glewen, datt heen endlich säin Lebenstraum verwirkliche konnt. Heen hott vu läuter Euphorie d’Weerder vun der aler Fra knaps nach héieren. „Mäin Numm ass iwrigens Wilma Witsch. Wann’s dë eppës ze froen hoss, komm bei mëch. Déi Werkstatt hei gehéiert mer.“ Dunn hott se nach eng Kéier kurz an hämisch gelaacht, mee den Toffy hott dat goer nët méi mattkrit, well hee schon amgang war séng Kombinaison unzedouen.
D’Wilma Witsch hott den Toffy zu enger Dir, déi an d’Werkstatt geführt hott, geleitet, jo, bal gejhuppt. Dunn hott së d’Dir direkt hannert him zougesperrt an, lo richtig haart a lang hämisch laachend spöttisch gesot: „Hiiiiiiäääääähiiiiiiäääää!!!! Ech sën eng Hex! An dëser Werkstatt schaffe läuter asiatisch Sklaven. Du bass lo och ee vun hinnen. Du bass hei lo fir éiwich gefong a muss schaffen bis deng Fanger blugden! Allerdings muss du all Dag als Asiat geschminkt gin, soss merken méng Sklaven datt et äusser der asiatischer Rass nach annerer gët a gin aufständig an aufmüpfig. Meng Helferin, d’Blanche Witsch, meng Nees, schminkt dech lo all Dag. Hiiiiiäääääiiiiiäääääiiiiiäääää!!!!!!“ Dono ass d’Wilma Witsch verschwonn, an äus enger Nebentür ass eng junge Frau geschweewt komm. Hatt war ganz wäiss ugedou an hott wonnerbar fein a liebevoll äusgesinn. Den Toffy hott sech instantly Hals über Kopf an hatt verléiwt. Dem Blanche ass et scheinbar genausou gang, well hatt ass bal schwaachgefall an t’ hott een sengt Herz duurch dat wäisst Gewand flattere gesinn. Hatt sot, nodeem et sëch geräuspert hat: „Ech soll dëch als Asiat schminken.“ Heen hott geduldig a geniesserisch stallgehal wéi hatt him d’Gesiicht geel gefärwt hott a Schlitzaan opgemoolt hott. Dono hott hatt sengt wunderschönes blondes Haar schwaarz gefärwt. „Du muss lo och asiatischen Kauderwelsch schwätzen an deng Stemm kindlich verstellen, datt kee merkt dass du keen Asiat bass. Den Toffy hott genickt an ass an d’Werkstatt gang, fir matt senger Oerbicht unzefenken.
D’Woche se vergang an den Toffy hott sëch sou lös un déi lang Oerbichtszäite gewinnt. Heen hott sech gutt verstann matt den Asiaten. Si hun heen anscheinend verstann, obwohl hee selwer weeder d’Asiaten nach sëch selwer verstann hott. Heen hott d’Blanche all moies um halwer zwee gesin wéi heen säin Make-up krut. Weenst de Käste vum Make-up krut den Toffy mëttes näischt z’eessen, well d’ Hex doduurch déi Suen rem wollt asporen. Dofir hott d’Blanche him ëmmer heemlich eppes z’eesse mattbrooscht. Well heen ewer während dem Make-up-auftragen ëmmer geknat hott, konnt d’Blanche heen nët méi exakt schminken, sou datt ëmmer alles verwackelt gouf.
Enges Dags, wéi den Toffy sëch verschlof hat, hat hatt knapps Zäit fir heen ze schminken. Zudeem hott heen sou hastig gees datt seng Baken ganz äusgebelst waren. D’Hex hott obeemol rosen geruff: „Jo geet dat da bal !? Soss mechs dë denowend Iwwerstonnen!“ Dunn ass den Toffy hastig räus an d’Werkstatt gelaf wéi engt Schlitzaan nach nëmmen hallëf feerdig waren. Heen hott gehofft datt keen Asiat eppës géif merken. Et gung och bal gutt, bis um zing fir zing owes. Dunn hott obeemol ee Asiat nervös fuchtelnd an kantonesisch braddelnd d’Opmeerksamkeet op sech gezunn. Ir den Toffy sech ëmsin hat, war an der Werkstatt der Däiwel lass. D’Asiaten sën iwwerdeneen getrollt an hun décke Kaméidi gemeet, bis schlußendlich d’Hex Wilma Witsch rosen ragestiirzt koum, och als Asiatin geschminkt. Si hott rosen op kantonesisch op d’Asiaten eingeredet, bis së sich bësse berouigt haten.
Ee vun den Asiaten, deen ëmmer nach ganz rosen dragekuckt hott, hott vu läuter Roserei engt Schoofskutscherad op d’Hex geworf. D’Rad hott si an enger Frisbee-Positioun um Hals getraff, sou datt et si grausam gekäppt hott. Den Hexekapp ass an ee Bottich matt Wasser geflu. Een Asiat, dee grad doneewt stung, hott de Kapp un den Hoer spielerisch rëm räusgezunn an hott der Hex ins Antlitz geschaut. Heen ass kalkpastellgeel am Gesiicht gin an hott de Kapp trëlle geloss, deen viru gerullt ass op déi anner Asiaten zou. Allegoerten sën së pastellgeel gin. De Make-up war nämlich vum Hexegesiicht gewichen. Wéi d’Asiaten sech vun hirem éischte Schock erholl haten, sën si all maddeneen fortgelaf. Den Toffy war herno nach leng matt der Hexeläich.
No geraumer Zäit koum obeemol d’Blanche ran. Déi zwee hu sëch ohne ein Wort in die Arme genommen an heftig geküsst. Dono sën si direkt bei ee Paschtouer gang an hun sëch bestod. Well d’Blanche der Hex hir Werkstatt gëeerwt hott, konnt den Toffy lo sein eegene Betrieb opmaachen. Needless to say datt heen keng asiatisch Sklaven doranner schaffe geloss hott. Déi waren souwisou all zréck bis an Asien fortgelaf. Heen hott séng Arbeiter gutt bezoolt a gefigdert, a si hun gute Arbeit geleistet. A Kürze hat heen dee lukrativste Betrieb an der ganzer Géigend. Seng zwanzich Brigder sen all bankrott gang, an heen hott hir Werkstätte opkaaft an a säin Betrieb integréiert. Séngen Elteren hott heen eng Villa gebaut, sou datt si hiirt Lebensende konnten genéissen.