schaulism

Home > Stories > Lëtzebuergesch Geschichten > Dee perfekte Marmorkuch

Dee perfekte Marmorkuch

Chantal Schaul, 1998

Viru langer Zäit gebar eng Kéier eng Fra ee klenge Jëngelchen. Leider ewer hott si déi staark Geburtsqualen nët iwwerstann an ass hinnen fënnef Minutten no der Gebuurt erlegen. Hire Mann war schon aacht Méint virdru gestörw. Hee war versehentlich an ee Reech getrëppelt, driwwer an drop getrollt, sou datt ën him d‘Longen zerfatzt hott. Heen hat knapps nach zing Minutten geleewt.

Dem Himmel sei Dank hat den klenge Jëngelchen nach eng Bomi, déi heen zou sech geholl hott. Si hott him no engem italiéinischen Bréiffrend benannt, dee sëch virun einiger Zäit an d‘Äusland eingeschifft hat: „Columbi“. De Columbi war een niidlichen Jong, matt kristallklaren bloen Aan an sonnenstrahlähnlichen blonden Hoer.

D‘Bomi, déi iwwrigens Marmotta housch, war zimmlich oerm. Si konnt dem Columbi nët vill Spillsaachen kafen, odder Kleeder. Mä och wann de Columbi net vill Kleeder hat, hee konnt sech ewer genau räussichen wéieng hee wollt.

D‘Marmotta war eng ganz normal Bomi, oofgesinn vun engem klengen Detail: si hott moies, mëttes an owes, amplaaz vun engem beliebigen Eessen, ëmmer nëmmen Marmorkuch op den Dësch gestallt. Si hat Marmorkuch nawell gär, an den Columbi hott déi Vorliebe vun hir gëeerwt. Wéi dë Columbi nach ee Baby war hott d‘Bomi him abwechselnd normal Mëllich an dann Mëllich matt Kakaosgu ze drénken gin. Wéi de Columbi bësse méi al war, krut hee getripstene Marmorkuch a woermer Mëllich. Soubal de Columbi dunn ewer Zänn krut, kont heen nach Herzenslust a engt gutt Stéck Marmorskuch bäissen. Heinsto, fir eng extra Eräusfuerderung ze hun, hott heen de Marmorkuch iwwert de Kamäin gehal, bis ën äusgedrechent war an gekrupst hott, wann een dra gebass hott.

Der Bomi sën d’Iddien fir de Marmorkuch op ëmmer anner Mannéieren zuzebereiten ni äusgang. Moies gouf et Marmorkuchbräi, getousteten Marmorkuch matt Marmorkuchsdeechgebeez, geröstet Marmorkuchsgrimmelen übergossen matt Mëllich odder Marmorkuchsdeech als Pangicht an der Pann gebroden. Mëttes gouf et Marmorkuchszopp an dann Marmorkuchsbrod, Marmorkuchskotletten matt Schank alias iwwert dem Kamäin gedrëchente Sträifen Marmorkuch, Marmorkuchburger déi an der Mëtt donkel waren an bäussen op deenen zwee Säiten hell, Marmorkuch a Form vun engem Pulee, odder Marmorkuch farci, deen matt Marmorkuchsdeech gefëllt war. Owes gouf et Marmorkuchschmeeren, déi matt Marmorkuchsdeech bestrichen goufen, an heinsto, wa se Besuch haten, Marmorkuchsraklett, wou se op klenge Schëppelcher Marmorstéckelcher geschmolt hun an als Dipp an Marmorkuchsdeech gezoppt hun. Als Dessert gouf et natiirlich all Daag engt gutt Stéck säftige Marmorkuch. D’Marmotta hott dëss Köstlichkeeten allëgoerten selbst zubereitet, a fir de Columbi war et dee beste Marmorkuch vun der ganzer Welt.

Op dëss Manéier ass de Columbi gewooss a gewooss, an hott sëch zu engem groussen, gutt gebautenen, kerngesunden an äusserst gutaussehenden jungen Mann entwéckelt. Fir all Gebuurtsdag krut heen ee risigen, wonnerbar gudden Marmorkuch vun der Bomi gebak, deen hee ganz leng hott deerften eessen. Mä dunn ass enges Dags d’Bomi Marmotta gestörw. Si war onglécklicherweis op engem Pull Marmorkuchsdeech äusgerutscht an op de Bödem gefall, wou nach méi onglécklicherweis grad eng Marmorkuchsform stung, an ass mam Kapp voll un d’Kante gestouss. Si war, well se jo och nët méi grad déi Allerjéngst war, bal op der Plaz doud. Si hat nach jhust Zäit fir séier dee Marmorkuch, dee si grad amgang war ze baken, feerdichzebaken. Mee an der ganzer Hetz jhust firun hirem Doud hott si et ewer tragischerweis vergeess dem Columbi d’Rezept fir hiren einmalig gudden Marmorkuch opzeschreiwen, sou datt de Columbi, wéi heen si doud opfont hott nët nëmmen iwwert hiren Doud niedergeschlagen war, mee och iwwert de Verlost vun sengem Lieblingseessen.

Nodeem den Columbi d’Bomi am Gaart begrowen hat, hott heen direkt probéiert fir selwer een Marmorkuch te baken. Dat eenzicht, wat heen dobäi um Leewen erhal hott war dee Marmorkuch, deen d’Bomi him nach firun hirem Dout zubereitet hat. Heen hott versicht äus der Erënnerung de Kuch ze baken, well heen hat jo dack genuch nogekuckt. Mee leider war heen bei all Nokucken sou glëstrich geweest, datt heen sech goer nët op d’Herstellung vum Marmorkuch konzentréiert hat. Lo hott en fir séng damalig Dommheet misse legden.

Hee krut fir d’Frecken keen ordentlichen Marmorkuch feerdich. Eng Kéier ass den Deech schon an der Schossel ëmgang, eng Kéier a sëch zesummëgefall wéi een Greis an der Klinik, eng Kéier krut heen ën an de Schäffchen, mee ën ass direkt ugebrant, odder goer nët opgang. Heinsto hott heen vergeess Kakao beizefügen, an heen hat ee ganz normalen wäissen Kuch. Emgedréint hott heen heinsto zevill Kakao hinzugetan, an t’gouf ee banalen Schocklaskuch. Et ass him einfach nët gelong een Marmorkuch herzestellen, sou wéi seng Bomi et vermocht hat.

Kurzerhand hott de Columbi deessidéiert fir loszuziehen an déi grosse weite Welt, fir iirgendwou soueen perfekte Marmorkuch ze fannen, wéi seng Bomi e konnt baken. Heen hott déi lest Marmorkuchsgrimmelen äus deem ganzen Häus matt enger angefeuchteten Fingerspitze sein eigen gemeet an ass schliesslich lassgezunn.

Hee koum a ganz vill Deerfer a Steet, wou heen un all Dir geklappt hott an no engem Steck Marmorkuch gefrot hott. Hallew erhingert wéi heen war, krut hee meestens säi Wonsch erfellt, wann d’Hausbewohner grad ee Marmorkuch doheem haten. De Columbi hätt soss näischt ugeholl, well heen een tiefen Ekel hat géint all déi Saachen déi heen d’Legt gesin hott eessen. Mä wou heen och gang ass, heen hott nëmmen ganz schlecht bis mëttelméissig Marmorkich z’eesse krit. Heen hott schon u Selbstmord gedoocht, mee hott sech nach dräi Méint gin bis heen zu enger sou drastischer Léisung géif gräifen.

Enges Daags ass heen bei engt Schlass komm, wou een grausamen Kinnik regéiert hott. D’Wachesoldaten haten ewer Mitleid matt him, well heen sou verlottert äusgesinn hott, an hun heen an d’Kiche geschéckt, wou eng al Kächin geschafft hott. Heen hott no engem Stéck Marmorkuch gefrot, an d’Kächin hott heen eng Kéier komisch gekuckt. Mee du krut heen ewer prompt engt Stéck. Heen hott dragebass an gläich drop gestockt. Hee konnt séngen Geschmacksknospen nët trauen: Dese Marmorkuch hott selbst deen vu sénger Bomi iwwertraff! De Columbi hott vu läuter Glückseligkeit a Geniesserischkeet deen éischte Mäufel Marmorkuch eng hallëf Stonn a sénger Mundhöhle leie geloss, fir de lästen Hauch vu Gu dräus räus ze saugen.

Wéi heen fënnef Stonnen dono séngt Steck ganz geess hat, hott heen d’Kächin gefrot: „Ween hott dëse wonnerbar excellenten perfekten Marmorkuch gebak? D’Kächin hott geäntwert: „Ma dat wärt wol d’Mod geweesst sen.“ De Columbi wollt direkt matt hir schwätzen, an d’Kächin ass së ruffe gang. Si houscht Modella a war engt scheit, kleingewachsenes Meedchen. Mee wéi dë Columbi gefrot hott ob hatt d’Marmorkuchbäckerin wär, hott hatt de Kapp gerësëlt a gesot: „Dat war ech nët. Dee Marmorkuch stung demoien einfach um Kichendësch. T’muss een ën heemlich an der Nooscht gebak hun, well t’war nach näischt gespullt.“ De Columbi war déck enttäuscht, datt heen dee perfekte Marmorkuchbäcker nach ëmmer net font hat. Heen hott ee Plan gefasst: hee géif sëch an der Kichen all Noocht op d’Lauer leen, fir räuszefannen ween dee mysteriösen Bäcker da wir.

An der éischter Nooscht war an der Schlasskichen alles rouich, an an der zweeter Nooscht och. Et war an sénger drëtter Op-Der-Lauer-Nooscht, wou obeemol sëch eppës getan hott. Eng wunderschöne junge Frau an engem wäisse Gewand koum an d’Kiche geschweewt. Matt hiren zarten Fangeren hott si wie von Geisteshand in Windeseile zweelef Marmorkich gebak, ouni Kaméidi odder Gekleckers. Dunn hott si se allesamt geess, ouni Kaméidi ze maachen an ouni haart ze knätschen.

Jhust wéi si wollt von dannen ziehen, hott de Columbi sëch äus séngem Versteck herausgewagt an hott si angesprochen: „Wee bass du, wonnerschéint Meedchen?“ Hatt ass gehiirlos erféiert, wéi hatt dë Columbi gesinn an héieren hott, mee, well hee sou léiw a fein äusgesinn hott, hott hatt geäntwert: „Du deerfs kengem soen ween ech sen a wat ech hei gemeet hun, soss léisst mäi Papp mech fir ewiglich aspeeren. Ech sën d’Prinzessin Marmina.“ De Columbi hott verzaubert a verwonnert virugefrot: „A virwat kënns du dann heemlich hei Marmorkich baken?“ D’Marmina hott lächelnd geäntwert: „Ech hun Marmorkuch einfach schrecklich gär. Mee mäi Papp haasst Marmorkuch, an hott ën am ganzen Königreich verböden. Dofir muss ech mer ës heinsto heemlich baken. Virun 3 Dee hatt ech dräizing Stéck gebak, mee ech hun dee lästen nët méi gepackt, an hun en hei misste stoue lossen, soss hätt mäi Papp en a méngem Zemmer font.“ Den Columbi hott d’Prinzessin sou fein font, datt heen him seng ganz Geschicht erzeelt hott. Et hott sech räusgestallt datt déi zwee verwandte Seelen a Saache Marmorkuch waren, a si hun sech onsteerwlich aneneen verléiwt.

Si hun ee Plan geschmiedet fir den Kinnik lasszegin : si hun ee Marmorkuch an engem Schwëngsbrod verstoppt an dem Kinnik virsetze geloss. Schwengsbrod war dëm Kinnik sengt Leibgericht, an heen hott de Mond vu läuter Gier grouss opgerappt an de Brod ganz hineingeschoben an direkt ofgeschlëckt. Réischt fënnef Minutten dono wosst heen wat geschikt war. Wutschnaubend wollt heen dat ganzt Schlass matt allen Einwohnern futtischlouen, mee ir heen dat konnt maachen ass heen dem Marmorkuch erlegen an hott sech kuurz drop an eng schwaarz Wollik verwandelt. Du wosst jhiddereen datt heen goer keen richtige Kinnik war, mee een béisen Hexer, deen sech an de Kinnik verwandelt hat, ouni datt je een et gemeerkt hat. Am ganzen Königreich gouf dräi Woche lang gefeiert well dee béise Kinnik doud war.

Well d’Marmina deen eenzigen Nachkommen vum Kinnik war, ass hatt Kinnigin gin. Hatt hott den Columbi nach dee selwichten Dag bestod a si hun glücklich a marmorkucheessend ever after geleewt.