D‘ Zauberhung
Chantal Schaul, 1998
Viru sou langer Zäit, datt kee sëch méi kann drun erënneren, gouf et eng Kéier eng Hingerfarm, déi der Famill Federle gehéiert hott. D‘Elteren hun Marie-Dotta an Eeweisspir geheescht. Hir zwee Kanner, ee Jong an engt Meedchen, hun Hunga an Cruhn geheescht. D‘Hungerfarm war schon säit Johrhonnerten am Besëtz vun der Famill, a wärd et wohl och nach Johrhonnerten bleiwen.
D‘Aufgaben an der Famill waren gerecht opgedeelt. Den Eeweisspir hott matt den Hinger selwer gehandelt a së an all Welt exportéiert. D‘Marie-Dotta hott d‘Administratioun vun den Eer iwwerholl an d‘Sue verwalt. D‘Hunga hott déi kleng Schippelcher versöergt an den Cruhn hott d‘Eer ënnert d‘Legt gedro an d‘Keess gemeet. Sou hun se glécklich geleewt.
Enges Dags, wéi de Cruhn an den Hingerstall d‘Eer wollt siche gouen, hott heen eng wonnerbar Entdeckung gemeet: engt gëllent Ee. Heen hott et verdutzt a seng Hand geholl, vun alle Säite bekuckt; et war wirklich äus purem Gold. Heen ass séier op sengt Zëmmer gelaf an hott d‘Ee a sengem Kappkëssen verstoppt. Heen hott bei sëch gedoocht: „Dat do gët ee gudde Kado fir Chrëstdag.“ Heemlich hott e gehofft datt ën nach méi deer Eer géif fannen, sou datt en jhidderengem engt kënnt schenken.
Den Dag drop luch scho rëm engt gëllent Ee am Hingerstall. Freudig hott den Cruhn et rëm a sengt Kappkëssen gestach. No an no, wéi heen all Dag souengt Ee font hott, war séngt Kappkëssen obeemol voller gëllener Eer, déi d‘Plommen schon all plattgedréckt haten, sou datt de Cruhn owes ganz haart mam Kapp opluch. All moies hott séng Mam hee gefrot: „A wou krëss du dann nëmmen all déi Bëlzen un de Kapp an déi blo Plaazen an d‘Gesiicht?“ De Cruhn hott entschëlligend geäntwert. „Ech sën a läster Zäit sou dack getrollt ënnerwee bei d‘Eer-Clienten.“ Dat hott séng Mamm da fir gutt gehal.
No an no hott den Cruhn d‘Eer missten an der Matratz verstoppen, well am Këssen nëmmen begrenzt Plaz war . Doduch krut en dunn och nach am ganzen Körper Prellungen, Blutergüsse a Quetschungen. Mä dat hott him wegder näischt äusgemeet.
Enges Dags koum heen op d‘Iddi fir sëch an der Nooscht am Hingerstall op d‘Lauer ze leen, fir ze kucke, wéiengt Hung déi gëllen Eer da géif leën. Heemlich ass heen viru Mëtternoocht an de Stall geschlach fir d‘Hinger ze beobachten. Mee heen ass direkt ageschlof, well heen et net méi gewinnt war sou mëll ze leien. Déi Noocht drop hot heen als éischt ee Koup Steng op de Bödem gelooscht, ir ën sëch néiergesat hott. Mee heen hott sëch versehentlich daneewt gesat, a war no enger halwer Sekonn schon entschlof. Déi Noocht dono hott heen deessidéiert fir sech erst gar nicht hinzusetzen a konnt endlich mol eng Kéier d‘Aan opbehalen.
Kurz viru Mëtternoocht ass engt vun den Hinger erwächt an ass vun der Stang op de Bödem gehopst. Grad wéi d‘Kiirchklacken Mëtternoocht geschlou hun, ass obeemol eng wonnerschéin Harfenmelodie aus dem Nichts erklong. Newel hott plötzlich dee ganzen Hingerstall agehüllt. Wéi ën sëch rëm verzunn hott, stung amplaz vum Hung engt wonnerschéint, graziöst an edel aussehend Meedchen do. Hatt hat engt gëllent Ee op senger Handfläche. Den Cruhn hott een erféierte Laut vu sech gin, sou datt d‘Meedchen heen entdeckt hott. Hatt sot:
„Feert net! Ech sen d‘Prinzessin Goldina. Eng béis Hex hott ee Fluch op mech geloocht. Si hott mech an engt Hung verzaubert. Emmer em Mëtternooscht verwandelen ech mech rëm fir fënnef Minuten zréck an hannerlossen engt gëllent Ee. Ech war virdrun schon a villen Hingerställ. Mee kee wollt mech erléisen, well ën dann keng gëllen Eer méi krit. Dat ass mäi Fluch. Säit honnert Joer sën ech lo scho verzaubert. Hëllef mer!“
Ir hatt konnt firuschwätzen hat hatt sech obeemol rëm an engt Hung zreckverwandelt an ass gackernd rëm op seng Stang geflattert. De Cruhn hott sëch verdutzt un der Mauer ugehal. Heen hat sech Hals über Kopf an unwiederbringlich an d‘Goldina verléiwt. Hee wollt hatt sou séier wéi méiglich erléisen, mee wéi?
Déi Noocht drop ass hee rëm an de Stall gang fir d‘Goldina ze treffen. Soubal hatt erschienen war, hott hatt him gesot wat hee misst maachen fir hatt ze erléisen. „Du muss äus Eerscholen ee Rack fir mech bixen, deen ech ëm Mëtternoocht muss undouen. Äus den Goldeer déi’s de vu mer hoss muss de mer Schung giessen. Äus Stréi äus dem Hingerstall muss de mer een Hugt maachen. Wann dat alles feerdich ass muss de mer eng Omelett z’ eesse gin, déi’s de äus den Eer gebroden hoss, déi ech deen Dag virdrun geloocht hun.“ D’Goldina ass rem verschwonn.
Den Cruhn hott ser eng mental Nott gemeet vun all deene Saachen déi heen virzëbereeden hat. Wou sollt heen all déi Eerscholen heerkréien fir d’Kleed ze bixen? Heen hat een Geistesblitz: hee géif einfach seng Verkaufstaktik änneren an amplaz vu réien Eer gekachten a gescheeltener verkafen, a se „fast Eer“ nennen. Et hott hingehauen.
Et war engt schwierigt Unterfangen fir Eerscholen zesummenzebixen, well se ëmmer ofgebrach sen. Mee gottseidank hat den Cruhn eng flénk Händchen an matt bessen Übung gouf hee sougoer ganz gutt dran. D’Schung hott heen heemlich an der Dorfschmiede gegoss, well de Schmatt glecklicherweis grad an der Dominikanischer Republik war. De Stréihukt war nach am liichsten anzufertigen. Wéi dack hat hee schon matt rofgefallenen Tannennadeln vum Chrëstbeemchen engt Zelt fir am Gaart ze spillen geflochten? Dunn ass ën nach séier dem Goldina-Hung séng Eer siche gang an hott um 11 Auer owes, zum Erstaune vu sénger Mam, eng Omelett gebroden.
Pünktlich ëm Mëtternooscht war heen am Hingerstall. An deem Moment wou d’Goldina sech verwandelt hott, hott heen him séier den Eerscholerack übergestreift, d’Goldschung angesteckt an de Stréihukt op de Kapp gesat. Dunn hott ën him den Teller matt der Omlett gin, déi nach woerm war. Hatt hott se séier a genüssig geess, well an deene lesten 100 Joer hat hatt jo nëmmen verfaultenen Zalot an Eerscholen kriit. Et hott funktionéiert: hatt hott sech no fënnef Minutten net méi an engt Hung zréckverwandelt!
Überglücklich sen déi zwee sëch in die Arme gefallen. D’Goldina sot: „Ech muss der et lo soen. Ech hu mech Hals über Kopf an unwiederbringlich an dech verléiwt.“ Iwwerglecklich hott den Cruhn him verroden, datt et him genausou géif gouen. Allen zwee waren se euphorisch iwwert hir erwidert Liebe. Si wollten schon bei de Paschtouer gouen fir sech ze bestoden, dunn hott den Cruhn obeemol gemerkt datt dem Goldina sengt Gesiicht emmer méi Falen krit hott. Besorgt hott heen ausgerufen: “Goldina!!! Wat ass lass??? Du kress jo läuter Falen an d’Gesiicht!!!“ D’Goldina hott seng Fanger gekuckt, déi äusgesinn hun wéi déi vun enger achzichjähriger Fra, voller Leberflecken, ledrig dunkel, matt décke bloen Oderen déi räusstungen. „Oh je“, sot hatt, „dat hei hat ech befürchtet. Meng 125 Joer maachen sech lo, datt ech nët méi verzaubert sën, bemeerkbar.“ Hatt konnt schon nët méi schwätzen, well seng Zong zu Stëps zerfall ass. Gläich drop ware vum Goldina nach jhust een Haufen Stëps a poer Schanken iwwrig. De Cruhn hott ugefong äus vollem Herzen ze kräischen. Mä hee konnt näischt méi maachen; d’Goldina war unwiederbringlich verlör.
Heen ass voller Trauer a sëngt Zemmer gang, hott sëng restlich gëllen Eer zesummegeraaft, äusser engt, dat en senger Famill geloss hott, déi moies gemengt hott heen hätt sech an engt gëllent Ee verwandelt, an ass von dannen gezogen. Wäit wäch, an engem annere Land, hott hee sech vu sengem Gold een elfenbeinernen Turm kaaft an hott sech dragesat. A wann en hekt nach dra sëtzt, dann ass ën nach nët gestörw.